Visitt vun SES

Sorry, this entry is only available in Français.

Den 19. Abrëll war d‘ANEIL bei SES zu Betzduerf op d Visitt. Dobäi handelt et sech em een internationale Satellittebedreiwer, deen 1985 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf. Mat iwwer 70 Satellitten a verschiddenen Ëmlafbunne sinn si weltwäit féierenden Ubidder vu Konnektivitéit. D‘ANEIL seet Merci fir déi impressionant Andréck an d‘ Chance hannert d‘ Kulisse kucken ze konnte.

@ANEIL

Student fir 1 Dag

D‘ANEIL als e fachspezifesche Cercle den d’Interesse vum Lëtzebuerger Ingenieur- an Naturwëssenschaftsstudent vertrëtt, hat dëst Joer dann och endlech Chance ee Student fir een Dag organiséieren ze kennen.

Ugefaangen huet dat ganzt moies mat enger Presentatioun, wou sie de Schüler*innen konnten erkläre wat d’ANEIL ass a wat eis ausmëscht. Dono goung et dann op eng ganz interessant Visite vun dem Héichuewen an der Cité des Science am Fonds Belval. No der Mëttegpaus konnten d’Schüler*innen sech dann an engem Workshop méi mat Thema „Problem Solving“ beschäftegen. An dësem Workshop kruten di zukünfteg Studenten*innen erkläert wei eng Icetea-Maschinn funktionéiert. Am Unhang dovunner missten si dann d’Maschinn verbesseren an optimiséieren andeems si als Gruppen zesumme geschafft hunn.

D‘ANEIL seet Merci fir de flotten Dag!

@ANEIL

ANEIL Whatsapp-Grupp

Wëllt dir emmer um néisten Stand bléiwen an wëssen wat fir eng Eventer vun der ANEIL stattfannen?

Dann kommt gären an di nei Whatsapp-Grupp vun der ANEIL! Den Link fannt dir hei.

Save the dates

  • 07.06.2024: Visitt vun engem neien Betriebsgebéi mat integréiertem Waasserbaséng an enger Drénkwaasseropbereedungsanlag (BEST)
  • 05.07.2024: De Studentebal mat der ALEM a mat der ANESEC