Traditionell luet d’ANEIL all Joer ob hier Table Ronde an

Sorry, this entry is only available in French.

Mir hunn eis dëst Joer een neit Konzept iwwerluecht, dat virgesinn huet fir den Ingenieursbal an der selwechter Location ze maache wéi eis Table Ronde. Fir dat ëmzesetzen hunn mir eis fir de Centre culturel “Schéiss” entscheet. An engem flotten an zäitgeméisse Kader konnten déi albekannten Iddie vun der Table ronde verwierklecht gi. Deementspriechend hunn sech eng sëllege Firmen an Associatiounen dorënner och d´Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg a.s.b.l. an den OAI en Freideg de 15.04.2022 zesumme fonnt, fir Kontakter zu de Studenten ze knëppen. Réckbléckend si mir ganz houfreg, dass dës Kombinatioun déi gewënschte Resultater matbruecht huet.

D’Table Ronde 2022 huet wéi gewinnt mat engem Mot de Bienvenue vun eiser Presidentin ugefaangen. No dem Lisa Schweig senger Ried hunn mir de Video “Wat ass d’ANEIL” aus der Serie u Videoe gewisen, déi mir wärend der Corona Pandemie realiséiert hunn. Dunn war et um Alex Thiry, dem Responsabele vun der Table Ronde, nach eng Kéier kuerz den Oflaf ze erklären an domat den Dag esou richteg ze starten. A kuerze Virträg konnten d’Partner sech an hier Aarbecht virzestellen. Vun Videoen iwwer Powerpoint-Presentatioun war alles vertrueden. Begleet goufen d’Presentatioune vun enger spezieller Broschür, dem 4ßcontact, déi déi wichtegst Informatioune vun all Partner enthalen huet. Eng kleng Verschnaufpaus gouf et dunn no deenen éischten 10 Virträg.

Den zweete Volet, also den direkte Kontakt tëschent Entreprisen a Studenten, huet direkt no de Presentatiounen ugefaangen. Hei konnten sech ons Memberen ob d’Sich no Stagen a souguer no vakante Poste maachen. Ausserdeem hunn mir dëst Joer de CV-Check nees agefouert, wou eis Membere Verbesserungsvirschléi fir hier Liewensleef kruten. Fir de Sujet Liewenslaf ofzeronnen, hate mir och ee professionelle Fotograph ob der Plaz, dee Portraitsfotoe vun de Studente gemaach hutt. Dem Undrang no ze beurteelen, war dëst ee vëllegen Erfolleg.

De Feedback vu béide Säite war positiv.

Dowéinst wëlle mer ob dëser Plaz deene Merci soen ouni déi dëst Event net méiglech gewiescht wär:

all eise Memberen,

eise Partner a Sponsoren,

dem Diane Ries fir de CV-Check

dem Pierre Weber fir d´Fotoen

an der Ville de Luxembourg, fir d´Ënnerstëtzung an der Schéiss

an natierlech dem ANEIL s Comité

ee ganz grousse Merci.