Studentebal & Schroeder Awards

Sorry, this entry is only available in French.

De Bureau d’Études Schroeder & Associés huet den 7.7.23 op den Schroeder Award agelueden, bei deem exzellent akademesch Studien- an Ofschlossaarbechten am Beräich vun der Bauindustrie ausgezeechent ginn. Dobäi goufen d‘Nathalie PIP, de Pit NEY an de Tom DALEIDEN mam Schroeder Award 2022 dekoréiert. De Special Price 2022 ass un Lex NOESEN gaangen. Mir felicitéieren allen Gewënner un dëser Platz an wënschen hinnen vill Succès an Freed un der Poursuite vun hirer akademescher Lafbunn. Uschléissend huet Schroeder & Associés d’Memberen vun der ANEIL op eng Visitt vun hirem neie Gebai vum Siège social op der Kockelscheier an en BBQ agelueden.

Foto mat de Laureaten um Schroeder Award 2023 (©Schroeder et ass.)

Um Owend vum 14. Juli war d’ANEIL bei der ACEL um Studentebal

D’ANEIL huet ab 20h00 feierfreedeg Leit un hirem Stand um Studentebal vun der ACEL begréisst. Et war déi zweete Kéier, dass d’ANEIL ee Stand do hat. Zesummen mat de Fachcercle ALEM an ANESEC hunn mir dofir gesuergt, dass d’ Strass ëmmer geschmiert war. Am Viraus gouf e Video mat deen aneren 2 Cerclen produzéiert. Egal ob et eng Midnight Elexir oder een (oder och méi) Maracoco waren, d’Stëmmung wor bombastesch an et gouf duerchgefeiert, bis um hallwer véier di läscht Nachtschwärmer vun der “Wiss nieft dem Bouillon” gekiert goufen.

Gruppefoto vum (fir eis) schéinste Comptoire. Zesumme mat der ALEM an der ANESEC (©Eldoradio)

Gruppefoto vun all den fläissegen Studenten déi um Studentebal 2023 gehollef hunn. (©Eldoradio)

Saves the Dates