Ofschloss vum Joer 2022: Visitt zu Cattenom an een neie Comité fir d‘ANEIL

Sorry, this entry is only available in French.

Visitt vun der Zentral vum Atomkraaftwierk Cattenom (Foto: Justine Welter)

Den 13. Dezember 2022 war d’ANEIL op Besuch am Atomkraaftwierk vu Cattenom a Frankräich. Dëst war eng méi ongewéinlech Visitt wéi soss, wat deenen héije Sécherheetsmoossnamen an der Zentral geschëlt war. Well nëmmen eng begrenzten Unzuel vu Leit huet dierfe mat op déi Visitt, iwwerleet de Comité dës Visitt all Joer unzebidden, fir weidere Memberen d’Chance ze bidden dës eenzegaarteg Experienz kënnen ze maachen.

Ugefaangen huet d’Visitt mat der Iwwerpréifung vun eisen Identitéiten an enger uschléissender Presentatioun vun der Atomzentral vu Cattenom. Duerno krute mir all eng Sécherheetsausrüstung mat Helm, Schong a Badge. Um Wee an d’Gebaier vum AKW si mir dunn, änlech wéi op engem Flughafen, duerch eng Rëtsch Sécherheetsschleisen guidéiert ginn. Am éischte Reakter-Gebai goufen eis dunn nach Schutzwesten, Händchen a Schutzschlappe fir d’Schong ausgehännegt. Leider konnte mir keng Foto maachen, dofir bleift eis flott Verkleedung wuel ëmmer eist Geheimnis.

Fir d’Kontaminatiounsgefor am Kär vum Reakter ze miniméieren huet een sech net dierfen an d’Gesiicht fueren an sech méiglechst roueg beweegen. Uschléissend krute mir vill Detailler zum Fonctionnement vum AKW, dem Opbau vun de Gebaier an dem Alldag am AKW erkläert. No dëser informativer Féierung duerch d’Gebailechkeete goung et fir eis dunn nees duerch déi vill Sécherheetskontrolle raus aus der Zentral.

Wann dir méi Eenzelheeten zu der Visitt op Cattenom an zum Fonctionnement vun engem Atomkraaftwierk wëllt wëssen, dann zéckt net den Artikel am Wanter-Bulli 2022 ze liesen. (https://issuu.com/aneilcomite/docs/bulli_wanter_2022. Säit 53-54)

Assemblée Générale de 27. Dezember 2022

De 27. Dezember huet d’ANEIL hier traditionell Assemblée Générale am Forum Da Vinci ofgehalen. Nodeems jiddereen agetraff war an sech bësse mat Pizza konnt stäerken, goung et dann och scho lass. Ugefaangen huet d‘ AG mat der Begréissung vun eiser Präsidentin, dem Lisa Schweig. No engem Joer voller interessanter Aktivitéite war de Réckbléck op den Aktivitéitsbericht deementspriechend laang. Dorunn uschléissend huet den Tresorier, de Charles Muller, de Keessebericht vum Joer 2022 virgestallt.

Uschléissend goung et ëm t d‘Compositioun vum neie Comité. Well de Charles Muller, den Olivier Bormann, de Loïc Wagner an den Alex Thiry op der leschter Ligne droite vu hierem Studium sinn, hunn si decidéiert hier Demissioun als Comitésmember ze ginn. Mir soen hinnen op dëser Plaz villmools Merci fir hiert laangjäregt Engagement am Comité a wënschen hinnen all Guddes fir hier Zukunft. Mir hoffen, dass si mat ville schéinen Erënnerungen un d‘Zäit am ANEILs-Comité zeréckblécken.

Bei der Wal vum neie Comité sinn eis eng Partie al Gesiichter aus dem ale Comité erhaale bliwwen, ma et koumen dëst Joer awer och fënnef nei Leit an de Comité dobäi. Dëst wieren d’Polina Bashlay (Bauingenieur zu München), d’Maya Lenertz (Ëmweltingenieur zu München), de Felix Rippinger (Energietechnik zu Oochen), de Sacha Thill (Bauingenieur zu Zürech) an d’Catherine Theisen (Forstwëssenschaften zu Freiburg).

De neie Comité 2023 (Foto: Aneil)

De Comité vun der ANEIL setzt sech dëst Joer wéi follegt zesummen:

Presidentin: Lisa Schweig
Vizepresident: Alex Junck
Sekretär: Felix Rippinger
Tresorier: Sacha Thill
Table Ronde: Polina Bashlay
Partenariat: Pit Bechtold
Rees: Lynn Aachen
Informatikerin: Barbara Hougardy
Visitten: Maja Lenertz
Social Media: Felix Bauer
Publikatioun: Catherine Theisen
Studieninformatioun: Justine Welter
Comitésmember: Lilli Gales
Cooptée: Lynn Winkin
Coopté: Charly Huberty

Fir d‘Joer 2023 hu mir eis zum Zil gesat, d’ANEIL nees méi present bei de Student_innen ze maachen, fir méi eng divers Zesummesetzung vun de Memberen ze erreechen an domat d’Sproochrouer vun der ANEIL ze vergréisseren. Och d’Studieninformatiounsbroschür ,,let’s engineer‘‘ soll inhaltlech iwwerschafft ginn. Den Logo-Design vu Merch-Artikele steet och am Raum, ma nach herrscht keng Eenegkeet beim Ausgesinn vun dësem Logo. Den Design soll elo ugepasst ginn an eis Membere kënnen sech schonn op ee flotten ANEILs-Pullover freeën. Eng Rëtsch Ausflich a Visitte stinn dëst Joer och um Programm, dorënner eng kombinéiert Visitt vum Brenner-Basistunnel an ee Citytrip op Innsbruck.

Mir freeën eis elo schonns op ee flott Joer 2023 mat villen interessante Visitt, Erfarungen a Gespréicher tëschent Schüler_innen, Student_innen an der Aarbechtswelt. Wann Dir elo virwëtzeg gi sidd, da schreift Iech scho mol folgend Datumer an de Kalenner!

Saves the Dates

  • 7. Abrëll 2023: ANEIL Table ronde & Ingenieursbal am Centre culturel Schéiss um Belair
  • 11. – bis de 14. Mee 2023: EYE – European Young Engineers zu Den Haag, NL
  • 14. Juli 2023: ACEL Studentebal, P+R Bouillon