Meeting, Fräibéier an EYE : vill Eventer, déi een net verpasse sollt !

Sorry, this entry is only available in French.

Karfreiden mat der ANEIL : Visitt, meeting an Fräibéier

D’ANEIL luet häerzlech op den traditionelle Karfreide Programm den 7. Abrëll an.

Um Programm stinn moies eng Visitt vun enger Kläranlag, natierlechen den meeting. (Table Ronde vun der ANEIL) an Owes den ANEIL Fräibéier.

Visitt | Kläranlag

Am Virfeld vum meeting., den 7. Abrëll fënnt eng Visitt vun der Kläranlag zu Schëffleng statt. TR Engineering ass en Ingenieursbüro deen Infrastrukturprojeten, d‘Raumplanung an Entwécklungsprogrammer a Lëtzebuerg an an de Schwellelänner ausschafft an dono ëmsetzt. Besonnesch wichteg ass hinnen dobäi den Ëmweltschutz an nohalteg Entwécklung.
Um 08:45 ass Rendez-vous bei da Kläranlag zu Schëffleng (2-4 um Däich, L-3841 Schifflange). Um 09:00 starte mir mat engem Virtrag iwwer d’Firma. Dono geet et da weider mat engem Tour duerch d‘Kläranlag (Bestand an Ausbau). Wärend da Visitt brauche mir en Helm, Sécherheetsschong an e Sécherheetsgilet. Dofir géinge mir Iech bieden déi Saachen op d’Visitte matzebréngen, falls dir déi Saachen net hutt sot ons wannechgelift bei ärer Umeldung Bescheed wat dir selwer net hutt da gi mir dat weider.

Géint 12:00 wäerte mir zesummen op da Plaz grillen an uschléissend an d’Staat op de meeting. fueren. Mir géingen Iech biede bei da Umeldunge mat un ze ginn ob dir Vegetarier oder Veganer sidd. D’Plazen si limitéiert, dofir biede mir Iech bis den 30. Mäerz 2022 beim Maya Lenertz unzemellen. First come, first serve!

meeting. | D’Table Ronde vun der ANEIL

Dëst Joer steet déi traditionell Table Ronde vun der ANEIL am Zeeche vun engem Rebranding an aktualiséierte Format. Wéi gewinnt, fënnt de meeting. um Karfreiden, dem 7. Abrëll an der Schéiss (142 Val Ste. Croix, 1370 Luxembourg) statt.

Och dëst Joer stellen sech eis Partner als éischt mat kuerze Presentatioune vir, mee tëschenduerch sinn ëmmer nees kuerz interaktiv Q&A-Sessions, wou mir knackeg an awer och lëschteg Froe stellen, fir eise Partner méi genee op den Zant ze fillen.

Uschléissend hues Du op der Partnerfoire d’Méiglechkeet an engem lockere Kader Dech mat Iessen a Gedrénks mat eise Partner auszetauschen.

Zousätzlech kanns du op dem meeting. däi CV vun enger Expertin checken an dech beroden loossen (Frist fir d’Aschécke vum CV ass de 5. Abrëll beim Polina Bashlay). Gläichzäiteg kanns du och um Event eng nei professionell Foto fir däi CV maache loossen.

Well de meeting. an engem flotte Kader stattfënnt, biede mir Dech deen Dag den Dresscode Casual Chic ze respektéieren!

Fir d’Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

Wann’s Du Loscht hues laanscht ze kommen, da mell Dech bis den 1. Abrëll iwwert dëse Link un.


ANEIL Fräibéier

Wann’s Du och motivéiert bass Owes fir den ANEIL Fräibéier ze bleiwen, dësen Owend start um 21:00 a wäert dann bis 2:30goen. Fir eng gutt Stëmmung suerge Live-Band Zero Point Five an den DJ-Duo Fleex & Deys. Fir d’Gedrénks ass gesuergt. Du kanns dech och fir dësen direkt iwwert de selwechte Link mat umellen. Wann’s du schonn virdrun beim meeting. dobäi bass, ass dësen Owend fir dech fir näischt. Fir d’Membere kascht d’Entrée soss 5 Euro a fir Net-Memberen 10 Euro. Link zum Event ass hei.

Looss dir déi Geleeënheeten net entgoen a mir freeën eis op Dech!

EYE (European Young Engineers)

Well d’Fréijoerskonferenz vun der EYE (European Young Engineers) sou lues op eis duer kënnt, wollte mir iech matdeelen, dass d’Umeldunge säit kuerzem op sinn. Dëss fënnt vum 11.-14. Mee zu den Hague (NL) statt. Organiséiert gi Visitten, Workshops, e Gala Dinner a natierlech gi mer och feieren. De geneeë Programm an d’Umeldung fannt der hei: https://thehague2023.eyengineers.eu/

D’Konferenz kascht fir ANEIL-Memberen 171€. Och Ancienen dierfe gäre matgoen. Am Ticket ass nach keen Transport an Hotel/AirBnB/Hostel mat dran. D’ANEIL leet een Deel beim Ticket fir d’EYE mat bäi.

Als Member-Association vun der EYE hëlt och d’ANEIL Deel a vum Comité aus, si scho 7 Leit dobäi. Et wier cool wann nach deen een oder aneren aus der ANEIL dobäi wier fir Lëtzebuerg ze representéieren. Et gëtt sécher eng flott Erfarung! Wann der Froen hutt oder schonn entscheet hutt matzegoen, mellt iech einfach bei eis. Mir maachen dann eng Grupp fir ze kommunizéieren an eis fir den Transport an den Hotel/AirBnb/Hostel ofzeschwätzen.

Mir freeën eis!!

Saves the Dates

  • 7. Abrëll 2023: ANEIL meeting. (Table ronde) & ANEILs Fräibéier am Centre culturel Schéiss
                                                         um Belair
  • 11. – bis de 14. Mee 2023: EYE – European Young Engineers zu Den Haag, NL
  • 14. Juli 2023: ACEL Studentebal, P+R Bouillon