“Meeting” : D’Table Ronde vun der ANEIL

Sorry, this entry is only available in French.

Um Karfreiden, dem 7. Abrëll, huet wéi all Joer d’ANEIL hier Table Ronde organiséiert. Dës huet dëst Joer an engem opgefrëschte Format an ënnert dem Rebranding “meeting.” stattfonnt. Insgesamt hunn 20 Firmen de Wee an d’Schéiss fonnt fir sech virzestellen an uschléissend sech de Froe vun interesséierte Studenten ze stellen. Am Virfeld hat sech well eng Dose Studenten op Schëffleng verlaf, fir do mat eisem Partner TR Engineering d’Baustell vun der Kläranlag ze besichtegen an uschléissend zesummen ze grillen.

De Startschoss hunn 3-Minutte Pitch’e vun eise Partner gemaach, déi sech sou kuerz virstelle konnten. Uschléissend konnten sinn hier Iddien a Visiounen a fachspezifesche Froeronnen verdéiwen. Duerno konnten d’Studenten sech op der Partnerfoire direkt mat hire perséinleche Froen u si wenden. Parallel gouf et dunn d’Méiglechkeet eng professionell CV-Foto maachen ze loossen oder och säin CV vun enger Expertin iwwerpréiwen ze loossen. Begleet gouf dat Ganzt vun engem exzellenten Walking Dinner. D’Stëmmung war exzellent a souwuel d’Entreprisen, wéi och eis Membere waren extrem zefridden.

Uschléissend gouf d’Musek dann ëmmer weider opgedréint an d’Leit konnten den ANEIL Fräibéier zur Live-Musek vun ZERO POINT FIVE an de Beats vu FLEEX&DEYS genéissen an d’Danzbee gouf bis déif an d’Nuecht geschwongen.

Déi nei Froeronn huet souwuel bei eise Memberen, wéi och Partner Succès gehat

Impressiounen vum Fräibéier mat Live-Musek

Visitt vum SKYPARK BUSINESS CENTER & Workshop mat IMS

Den 28. Abrëll 2023 fënnt eng Visitt vum SKYPARK BUSINESS CENTER beim Findel statt. De Skypark ass e Projet fir ëmweltfrëndlech an nohalteg Gebaier, den am Holz gebaut gëtt. Steffen Holzbau ass en innovative Bauhär mat ausgepräägten Ingenieur-Kompetenzen a leeschte weit méi wei klasseschen Holzbau. Sie entwéckele fir all Projet de passende Material-Mix a sti fir individuell Holzbauideeen ob héchstem Niveau.

Um 09:45 Auer ass Rendez-Vous bei Steffen Holzbau an hirer Firma zu Grevenmacher (13, rue de Flaxweiler L-6776 Grevenmacher). Do starte mir mat enger Virstellung iwwert d’Firma wou mir ob da Platz och hiert Gebai virgestallt kréien. Duerno fuere mir zesumme bei de Skypark wou Steffen Holzbau ons eng Visitt iwwert de Skypark mëscht. D’Platzen si limitéiert, dofir biede mir Iech Iech beim Maya Lenertz (Mail un Maya Lenertz) unzemellen. Falls een eng Matfuergeleeënheet aus der Stad brauch, vermierkt dat w.e.g..

Uschléissend fënnt een Atelier vun IMS (Inspiring More Sustainability) an Zesummenaarbecht mam Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte am Forum Da Vinci an der Stad (6 Bd Grande-Duchesse Charlotte, 1330 Ville-Haute Luxembourg, Luxemburg) statt. Ziel ass et d‘Klischeen vun der digitaler Notzung ze identifizéieren (z.B. Reaktiounszäit op eng E-Mail, asw.), déi een an enger Firma untrefft. Domadder soll d’Verbreedung vu schlechte Praktiken ënnerbonne ginn an d’Auswierkungen op d’psychescht Wuelbefanne vu jonke Mënsche reduzéiert ginn (Stress, Produktivitéitsverloscht asw.).

Dësen Atelier fënnt tëschent 14 a 16 Auer statt. Fir d’Participatiounen ze beloune suerge mir tëschent der Visitt an dem Atelier fir Pizza a Gedrénks am Forum Da Vinci. Sot eis w.e.g. bei der Umeldung Bescheed ob der bei deenen zwou Saachen dobäi sidd.

EYE Konferenz | European Young Engineers Fréijoerskonferenz zu den Hague

Den 11. bis 14. Mee fënnt zu den Hague (NL) d’Fréijoerskonferenz vun den EYE (European Young Engineers) statt. Bis elo hunn mir als ANEIL eng flott Delegatioun vun 9 Leit. Falls Du nach interesséiert bass matzekommen, da kanns Du Dir Däin Ticket hei huelen: https://thehague2023.eyengineers.eu/ Gläichzäiteg kanns Du Dech un Däin ANEIL-Comité wenden a setzen Dech dann an eis Whatsapp-Grupp wou mir eis iwwert den Transport dohinner an de Logement sur place austauschen. Ausserdeem gëtt een Deel vun de Gesamtfraisen vun der ANEIL iwwerholl. Mir freeën eis op Dech!

Save the Dates:
  • 28. Abrëll: Visitt vum SKYPARK BUSINESS CENTER & Workshop mat IMS
  • 11. – 14. Mee 2023: EYE – European Young Engineers zu Den Haag, NL
  • 14. Juli 2023: ACEL Studentebal, P+R Bouillon