D’Aneil huet e neie Comité gewielt

Sorry, this entry is only available in French.

De 27. Dezember war d’Assemblée Générale vun der ANEIL am Forum DaVinci. Nodeem all Participant en Schnelltest duerchgefouert huet, konnt een sech mat engem Stéck Pizza stäerken éier d’AG lass gaangen ass. Als éischt stoungen 2 Assemblées générales extraordinaires um Plang, fir eis Statuten op den neiste Stand ze setzen. Duerno goung dann d’Assemblée générale ordinaire lass.

No engem kuerze Begréissungswuert konnt sech d’ONG “Le soleil dans la Main” virstellen, déi sech dëst Joer iwwert den Don vun 2000€ freeë konnten. Duerno kruten d’Memberen en Réckbléck ob d’Joer 2021 an déi divers Aktivitéiten. Et gouf een éischten Abléck an d’Videoen iwwert d’naturwëssenschaftlech Beruffer, déi mir 2021 professionell produzéiere gelooss hunn.

Uschléissend war et um Tresorier fir d’Kees ze presentéieren, ier den neie Comité gewielt gouf, deen sech wéi follegt zesumme setzt:

Presidentin: Lisa Schweig
Vize-Präsident: Charly Huberty
Sekretärin: Lynn Aachen
Tresorier: Charles Muller
Table Ronde: Alex Thiry
Partenariat: Lynn Winkin
Rees: Lilli Gales
Informatikerin: Barbara Hougardy
Visitten: Loïc Wagner
Social Media: Felix Bauer
Publikatioun: Alex Junck
Studieninformatioun: Justine Welter
Comitésmember: Olivier Bormann

Mir freeën eis op een 2022 mat engem interessante Programm an ee flotten Austausch tëschent Schüler, Student an Aarbechtswelt.