“Eng Seelbunn fir d’Stad” – öffentleche Virtrag

Eng Seelbunn fir d’Stad: Eng 3. Dimensioun fir d’Verkéiersproblemer ze léisen!“

En öffentleche Virtrag zu dem Thema fënnt Freides des 28. Februar um 19 Auer am Forum da Vinci statt. 6, Bd. GD. Charlotte L-1330 Lëtzebuerg

De Virtrag gëtt op lëzebuergesch gehale vum Georges Feltz, Chef de service honoraire du Service Autobus de la Ville de Luxembourg, Ingénieur en mécanique de la RWTH Aachen a vum Mathias Foehr, Ingénieur de l’Ecole Centrale de Paris, Actuaire.

Den Tram soll jo lo gestëmmt ginn.

Eng städtesch Seelbunn ass den Autoritéiten als Entlaaschtungsinstrument während de Chantiere vum Tram ugebuede ginn. Dee Projet kinnt zu enger grousser Entlaaschtung vum Stadzentrum féieren.

E kinnt awer och eng definitiv Léisung zu de Problemer vum ëffentlechen Transport duerstellen.

De Käschtepunkt ass relativ niddreg an d’Betribskäschte giffen esou guer eng substantiell Economie duerch déi während dem Tram’s-Chantier agespuerten Bussen erméiglechen.

Dat wär natierlech ideal fir den Tram’s-Chantier ouni ze vill Inconvénienten fir d’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg ze organiséieren.

Méi Informatiounen op www.seelbunn.lu

Forum da Vinci
6, Bd. Grand-Duchesse Charlotte
1330 Luxembourg
28.02.2014
19 Auer