4 Deeg op der REEL’22 Karlsruhe/Heidelberg

Sorry, this entry is only available in French.

Vum 29. September bis den 2. Oktober war d’ANEIL op der REEL zu Heidelberg an zu Karlsruhe.

Ugefaangen hunn déi véier Deeg mat engem ACEL’s Workshop, wou verschidden Thematiken diskutéiert goufen. Nom Mëttegiessen ass et weider op e flotte Rallye duerch Karlsruhe gaangen. Den Owend gouf an engem Club ausklénge gelooss.

Den Dag drop ass et moies op verschidde Visitte gaangen: Körperwelten, den Hockenheimring oder d‘Schlass vun Heidelberg. Mëttes huet d’Partnerfoire stattfonnt, wou sech verschidde Sponsore virgestallt hunn, wat mat engem uschléissende Walking Dinner de Kontakt tëschent Student a Partner verdéift huet. Owes ass et mat der d‘Soirée privée weider gaangen, wou bis an d‘Nuecht gefeiert ginn ass.

Den drëtten Dag war d‘Journée chic, déi mat enger Ried vum Här Georges Engel ugefaangen huet. Duerno ass et mat engem gudden Iesse weider gaangen, wou een Austausch tëschent dem Ierfgroussherzog Guillaume, deen als special Guest dëst Joer derbäi war, an de Studente stattfanne konnt. Nodeems de Wilhelmus an d‘Reelslidd gesonge goufen, ass et mat der Table Ronde weider gaangen, wou déi invitéiert Politiker d‘Arbeschtssituatioun vun de Studenten zu Lëtzebuerg diskutéiert hunn. Giess gouf de leschten Owend am Alten Frauenbad, wou de leschten Owend vun der REEL mat Wäin a Béier gefeiert gouf.

De leschten Dag huet mat engem Brunch ugefaangen. 🥐 Fir déi eng ass et an d’Schwemm gaangen, fir déi aner an eng Brauerei oder an e Musée éier d’Heemrees op Lëtzebuerg ugetruede ginn ass.

Am grousse Ganze war et eng flott REEL a mir soen dem Comité @reel_hdka ee grousse Merci. Mir freeën eis schonns op déi nächst REEL! Falls du nach weider Impressiounen vun der REEL wëlls hunn, da kuck op eisem Insta eran.

ANEIL-Rees op Kopenhagen

Mir sinn knapp vun der REEL’22 zréck, do paken mir d’Valisen scho nees fir op Kopenhagen ze fueren. Mir wäerten 6 flott Deeg mat diversen Visitten an Aktivitéite dohannen verbréngen. D’Headlines sinn ënnerenaner eng Visite Guidée an der Verbrennungsanlage mat enger Skipiste um Dach, den Däneschen Architektur Zentrum, de Planetrium an Experimentarium. Fir de nächsten Newsletter kënnt Dir Iech op puer Andréck freeën.