Visitt CTI-Systems zu Lenzweiler

De 26ten Januar hat d’Aneil d’Chance hannert Kulisse vun der Firma CTI Systems zu Lenzweiler ze kucken.

No enger interessanter Presentatiounen, wou mir vill iwwert hier vergaange Projete gewuer ginn si, konnte mir eis och selwer ee Bléck an hier Produktiounshale werfen. Ganz interessant war ze gesinn dat ee bei hinnen net einfach Standardproduiten ze kafe kritt, mee ee speziellen ugepassten an entwéckele System den dem Client säi Problem léist.

Bekannt sinn sie firun alem ginn duerch hier Laafkazen. Mëttlerweil huet sech hier Feld vergréissert a si sinn zum Beispill weltwäit bekannt fir hier Teleplattformen.

Mir soen CTI Systems nach eng kéier villmools Merci fir des super intressant Visitt.

Foto: @aneilluxembourg, CTI, Lenzweiler

Save the date: Meeting. 2024

Foto: @aneilluxaneilluxembourg, Instagram

Wat ass meeting.?

De meeting. Ass een traditionellt Event vun der ANEIL, wou Studenten d’Méiglechkeet hu vu verschiddenen Firmen am MINT-Beräich, een Abléck an d’Beruffswelt ze kréien.

Et gëtt net nëmme Presentatioune gehaalen mee och d’Geleeënheet mat de verschiddenen Firmen/Partnere bei engem Apero perséinlech schwätzen ze kënnen.

Fir ee perfekten Dag dann och gutt ofzeschléisse ze kënnen, gëtt dat ganzt vum bekanntem ANEIL Fräibéier gefollegt .

Falls du also interesséiert wiers un engem, net nëmmen informativem mee och flotten Dag deel zu huelen dann hal dir de Kalenner fir 29.03.2024 fräi.

Den Oflaaf vum Meeting

Ab 15:00 Auer empfänke mir Dech an der Schéiss (142 Val Ste. Croix, 1370 Luxembourg). Mir starten dat Ganzt mat de Präsentatioune vun eise Partner. Tëschenduerch wäert een och d’Méiglechkeet hunn bei den interaktive Q&A-Sessions Froe stellen ze kënnen.

Uschléissend dorunner kënnt et dann zum Networking. Hei kanns Du Dech iwwert d’Aarbechtsliewe vun de verschiddenen Ingenieursberuffer informéieren oder Dir eng Stageplaz, en Job oder eng Ofschlossaarbecht sichen.  Zur selwechter Zäit fënnt eise CV-Check statt, bei deem’s Du Dech vun enger Expertin berode kanns loossen. Mir bieden Dech dofir däi CV am Virfeld per Mail un d’Barbara Hougardy (barbara.hougardy@aneil.lu) bis de 27. Mäerz ze schécken. Fir dee perfekte Curriculum Vitae kanns Du och op der Plaz eng professionell Portraitsfoto maache loossen. Genau Auerzäiten wäerten nach op eisen Social Medias an den nächsten Wochen matgedeelt ginn.

Fir den Owend auskléngen ze lossen, kréien eis Visiteuren dann och nach eppes guddes Z’iessen an een Patt zum Bäschten bei enger super Musék.

Mir freeën eis op Iech!