Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois 2023 zu Innsbruck

Ënnert dem Motto „Interoperabilitéit – Europaiwwergräifend Kompatibilitéit“

D’REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) ass seen Event, dat sech säit 1984 fest an de Studentekalenner agebrannt huet. Och bei der ANEIL assdësen am Kalenner ugestrach. D’REEL ass eng  Meeting vun de Lëtzebuerger Student:innen aus de verschiddene Studentecerclen, wou all Joer evaluéiert gëtt, wéi een den aktuellen Ufuerderunge vun engemCercle, egal op Staat-Cercle oder Fach-Cercle, ka gerecht ginn. Dobäi gëtt virunallem op individuell, sozial a rechtlech Bedierfnesser vun de Student:innen zuLëtzebuerg an der Kommunikatioun tëschent der ACEL an deenen anere Cerclenagaangen. Och politesch Themen dierfen op enger REEL net feelen. Souass et Traditioun, dass eng Debatt mam Héichschoulministère Programm steet.

Dëst Joer huet d’REEL vum 20. bis de 24. September ënnert dem Motto „Interoperabilitéit – Europaiwwergräifend Kompatibilitéit“ zu Innsbruck stattfonnt. Mat dësem Thema wollt een op verschidde Problematike vum Bologna-Vertrag agoen, déi zanter der Etabléierung vun dem gemeinsamen Europäeschen Héichschoulraum2010 bestinn. Als Lëtzebuerger:innen hu mir d’Chance an deene verschiddenen Europäesche Länner kënnen ze studéieren. Ma ass d’Wiesselen tëschent de Länner kann een do alt mol virun Erausfuerderunge stellen. Wéi beispillsweis net unerkannte Coursen, net Zouloossung zu engem Master-Studium mat engem europäesche Bachelor-Diplom oder ganz einfach eng feelend Iwwersetzung vum Bachelor-Diplom an eng eenheetlech Sprooch, wéi zum Beispill Englesch.

D’Delegatioun vum ANEILs Comité op der REEL 2023 (Foto: Lisa Schweig)

Och d’ANEIL hat sech bei dësem Event Rendezvous ginn a war mat 7 Leit aus dem Comité an enger sëllege Memberen op der REEL vertrueden an huet domat d’Interesse vun de Student:innen am MINT-Beräich vertrueden.

Presentatiounen op der Partnerfoire (Foto: Lisa Schweig)

Deen éischten Daach war duerch dee wäite Wee mam Bus gepräägt. Owes um 21 Auer sinn d’Busser zu Lëtzebuerg a Richtung Innsbruck gestart. Um hallwe Wee sinn du nach Student:innen zu Karlsruhe agesammelt ginn, an zesumme goung et wieder op Innsbruck, wou mir moies um 7 (selbstverständlech ganz ausgeschlof) ukoumen. Dunn goung et direkt wieder mat den ACEL-Workshoppen, déi traditionell op méi Cercle-Intern Problematike bezu sinn. Nom Mëttegiessen ass et dunn och well wieder op d’Partnerfoire gaangen, wou d’Reels-Partner sech konnten a Präsentatiounen de Student:inne virstellen. No de Präsentatiounen haten d’Student:inne bei engem Walking Dinner d’Geleeënheet mat de Partner ze schwätzen, en vue fir Informatioune fir een eventuelle Stage oder potentiell Aarbechtsplazen ze sammelen. Ofgeschloss hu mir den Owend dunn op enger Soirée Privée am Jimmy’s.

Um zweeten Daach goung et well frei moies lass. Um Dages-Programm stounge Visitten, wéi zum Beispill an d‘Silbermine Schwaz, Zillertaler Bierweltoder d’Swarovski Kristallwelten. Am Nomëtteg sinn d’Participant:innen dunn, a Formvun enger Rallye, op Entdeckungs-Tour zu Innsbruck gaangen.

Een Abléck an d’Table Ronde. (Foto: Lisa Schweig)

Samschdes stoung ganz am Zeeche vun der Journée Politique. Moies goung et an der Villa Blanka lass mat de Monologe vum Honorarkonsul Prof. Dr. Armand Hausmann an dem Europa Deputéierte Marc Angel. Gestäerkt vum Mëtteg-Iesse goung et du weider mat der Table Ronde zum Thema vun der REEL. Mat diskutéiert hunn hei, den Här Claude Meisch, aktuellen Héichschoulminister, d’Madamm Martine Hansen, Vize-Presidentin vun der (Commission de l’Education nationale, de l’Enfance, de la Jeunesse, del’Enseignement supérieur et de la Recherche), d’Anne Bertemes, Presidentin vun der ACEL an dem Alexandra Linster, Referentin fir den Forum Forschung an Éisteräich an EEK an der Éisteräichescher Universitéitskonferenz. Och de Premier Minister Xavier Bettel huet et sech net huele gelooss op d’REEL ze kommen an huet virunde Student:innen eng Ried gehalen. Mat der ofgeschlossener Ried ass et wieder bei den Éierewäin an den obligatoresche Fototermin gaangen, iert et dunn eppes Z’iesse gouf. Ofgeschloss hu mir den Owend dunn am Bluechip.

Ried vum Premierminister Xavier Bettel (Foto: Lisa Schweig)

Dee leschten Daach war dunn (endlech) bësse méi roueg: Auschecken – Brunchen – Heem fueren.

Mir soen dem REELs-Comité 2023 Villmools Merci fir d’Organisatioun a freeën eis well op déi nächst REEL.

Saves the Dates

  • 27. Oktober 2023:                   Visitt bei Karp Kneip.
  • 27.09 – 01.10.2023:                 ANEIL Rees op Toulouse.
  • 05.10–08.10.2023:                   EYE Skopje.
  • 26. – 27.10.2023:                     Foire de l’étudiant zu Esch Belval
  • 27.12.2023:                              AG vun der ANEIL