Recap vun der Visitt zu Cattenom am AKW

Loftbild vum AKW zu Cattenom (Foto: EDF)

No der gudder Resonanz vum leschte Joer huet d‘ANEIL fir den 1. Dezember eng weider Visitt beim Atomkraaftwierk (AKW) zu Cattenom organiséiert. Bei dëser Visitt, déi vu villen Sécherheetskontrolle gepräägt war, konnte mer vill interessant Fakten iwwert d‘Atomkraaft leieren a kruten en déiwen Abléck an d’AKW zu Cattenom.

Ugefaangen huet d’Visitt an engem, éischter bescheidenen, Gebai dat extra fir Visitten zu Cattenom gebaut gouf. Hei krute mer an engem ganz informative Video Informatiounen zur Atomkraaft selwer, an deenen néidege Sécherheetsvirkéierungen, wéi och spezifesch Informatiounen zum AKW zu Cattenom selwer. D’AKW vu Cattenom ass mat féier Reaktere à 1362 MW Brutto-Leeschtung resp. 1300 MW Netto-Leeschtung dat siwent gréissten AKW op der Welt (!) an dat drëtt gréisst a Frankräich. Flächeméisseg ass Cattenom souguer dat gréissten AKW weltwäit an tëschent deenen zwee am wäitste vuneneen  entfernten Reaktere leie ganzer 2 km. Duerch déi grouss Unzuel un Atomkraaftwierker areecht et Frankräich dann och e quasi CO2-neutrale Stroummix ze hunn. Cattenom steiert dobäi 8% vun der gesamter Stroumproduktioun vu Frankräich bäi.

Nieft dësen impressionanten Zuele krute mer och vill Informatiounen zu der Technik déi an sou engem AKW verbaut ass. Obwuel Frankräich insgesamt nëmmen dréi verschidden Typpe vu Reakteren huet, déi se ëmmer rëm à peu près identesch an hire Kraaftwierker installéieren, ënnerscheeden des sech awer Opgrond vun dem Standuert bei hirem Killkonzept. Doduerch dat d’Musel, déi primär vir d’Killung benotzt gëtt, eleng net duer geet vir d’AKW ze killen, gouf vir all Reakter e Killtuerm gebaut, wat net bei all AKW sou ass an och allgemeng net nëmme bei AKW‘en de Fall ass. An dëse Killtierm gëtt duerch natierlech Konvektioun d’Waasser aus der Musel rëm ofgekillt. Pro Reakter brauch Cattenom quasi 50 m3 Killwaasser pro Sekonn, wat beim Passage duerch de Wärmeübertrager em 12°C erhëtzt gëtt. Duerch dräi separat Waassercircuite kann dann och séchergestallt ginn dat dëst Waasser mat kenger onnatierlecher Radioaktivitéit a Kontakt kënnt.

Am Primärkrees gëtt d‘Waasser duerch d’Atomspalltung op iwwer 300°C erhëtzt woubäi et duerch en Drock vu ca. 165 bar ëmmer nach flësseg bleift. Am éischte Wärmeübertrager gëtt des Hetzt un an zweete Waassercircuit iwwerdroe bei dem d’Waasser verdampft an an d’héischdrock Stuf vun der Turbinn geleet gëtt. Duerno muss rëm séchergestallt ginn dat Waasser gasfërmeg ass éier et duerch dräi niddregdrock Stufe geleet gëtt. Duerno gëtt d’Waasser duerch e Kondensator souwäit ofgekillt dat et rëm flësseg ass. Heibäi gëtt dann och d’Waasser aus der Musel genotzt.

Gruppefoto virum Kraftwierk zu Cattenom (Foto: Felix Rippinger)

Domat awer lo genuch zu den techneschen Detailer vun engem AKW a weider mat der eigentlecher Visitt. Ausgerëscht mat Helm a Warnvest si mer an d’Entrée vum Sécherheetsberäich gaangen. Hei krute mer e Badge an en individuelle Code deen et eis erlaabt duerch déi eenzel Sécherheetsdieren ze kommen. Duerno misste mer dann nach, änlech wéi op engem Flughafen, duerch e Metalldetekter goen. Innerhalb vum AKW duerfte mer dann och keen Handy méi derbäi hunn. Duerch d’Keelt hu mer eis dunn op de Wee an de Reakter 4 gemaach. All d‘Reakteren zu Cattenom goufen an enger aller Traditioun gedeeft an hunn en Numm, de Reakter an dem mir ware lauschtert op den Numm „Georgette“. Et handelt sech heibäi dann och em den neiste Reakter zu Cattenom. Eigentlech sollte mer awer de Reakter 3 kucke goen, dëse misst awer den Dag wéinst engem Problem ofgeschalt ginn.

Am Reakter ukomm duerfte mer kuerz bis an de Kontrollraum goen, wou mer e groben Iwwerbléck iwwert déi eenzel Apparature kruten. Leider konnte mer vun do aus awer net wieder an de Reakter ra goe vue dat dëse grad am Betrib war. Mier sinn du wieder bei déi enorm Turbinn vun Alstom gaangen déi vum iwwerhëtzten Damp aus dem Reakter ugedriwwe gëtt. Direkt hannert der Turbinn befënnt sech dann nach den Alternator mat dem de Stroum produzéiert gëtt. De Stroum den am Alternator produzéiert gouf gëtt iwwert en Transformator op 405 kV héich transforméiert. Duerno si mer ënnert des Turbinn gaangen a kruten d’Pompelen an d’Killréier vum 3. Waassercircuit, also den duerch den d’Waasser aus der Musel fléisst, gewisen. Zum Ofschloss vun der Visitt krute mer de Killtuerm vum Reakter 4 gewisen de vun no nach vill méi Impressionant ass.

Mier kruten dunn och nach gezielt dat déi lokal Bevëlkerung un Hand vum Damp den aus de Killtierm kennt weess wéi d’Wierder dobaussen ass. Als klenge Fun Fact zum Ofschloss krute mer dunn nach gesot dat et hinnen een Dag gelongen ass dat d‘Killtierm wéi eng riseg Schnéikanoun fonctionéiert hunn a ca. 20cm Schnéi an der Ëmgéigend verursaacht hunn.

Wéi der liese konnt war et also eng ganz interessant Visitt zu Cattenom a mir waren aner Beräich wéi bei der Visitt d’läscht Joer kucken. Et lount sech also och vir eng zweete Kéier d’AKW kucken ze goen.

Auteur: Felix Rippinger

ANEIL goes Chrëschtmaart

Den 22.Dezember treffe mer eis um 18 Auer an der Stad op der Plëss (Place d’armes) virum Cercle fir zesumme mat eise Memberen op de Chrëschtmaart ze goen. Fir all Member de matgeet gëtt et ee Glühwäin op d’ANEIL. No dem Chrëschtmaart gi mir zesummen, fir déi déi nach Loscht hunn, op de Kölner Bal a Clausen.

Mir freeën eis fir jiddereen dee mat eis de Wee op de Chrëschtmaart fënnt.

Ordinär an extraordinär Genralversammlung vun der ANEIL

De 27. Dezember steet traditionell rëm, nom éischten Dag vum Tournoi de Noël, d’Assemblée Générale vun der ANEIL um Programm. D’AG ass wei gewinnt am Forum DaVinci op 6, bd G.D. Charlotte a fänkt um 20 Auer un.

Nieft der ordinärer Generalversammlung wëlle mer Iech heimat och op eng extraordinär Generalversammlung alueden, déi direkt am Ufank vun der ordinärer Versammlung ass. Des extraordinär Generalversammlung ass néideg fir dat mir kënnen iwwert eng méiglech Statutenännerung ofstëmmen. Eng grob Erklärung zu dem wat mer an de Statuten ännere wëlle fannt der an der Aluedung vun der extraordinärer AG. Déi detailléiert Ännerunge vun de Statute schécke mer Iech an enger separater Mail an den nächsten Deeg no.

Fir déi déi wëlle gëtt um 19 Auer Pizza vun der ANEIL gestallt, fir dat jidderee gestäerkt an d’Versammlung goe kann.

Wann s du dech dorfir interesséiers fir d’nächst Joer eng Charge am Comité vun der ANEIL ze iwwerhuelen an domat zukünfteg Ingenieure bei der Wiel vun hirem Studium sou wéi wärend dem Studium ënnerstëtze wëlls,  da mell dech bis de 15. Dezember per Mail oder perséinlech bei engem Comitésmember. Falls de der nach onsécher bass an’s de allgemeng Froen zur Aarbecht am Comité hues dann zéck net eis déi Froen ze schreiwen.

Héi fannt Dir déi offiziell Aluedung souwuel fir déi ordinär wéi och fir déi extraordinär Generalversammlung zesumme mam jeweillegen Ordre du Jour vun den Versammlungen.

Saves the Dates