Recap vun der EYE zu Skopje

Fir déi zweete Kéier dëst Joer hunn sech puer motivéiert ANEILs Memberen, fir genau ze sinn annerhallwe Puer, sech op dem Wee gemaach d’Lëtzebuerger Ingenieuren op engem europäeschen Niveau ze vertrieden. Dat kann dann nëmmen heeschen dass erëm eng EYE (European Young Engineers) Conference stattfonnt huet. Bei dëser Editioun ass d’Rees an den Oste vun Europa gaangen an zwar an d’Haaptstad vun Nordmazedonien…ehhm jo, wat ass da wuel d’Haaptstad vun Nordmazedonien? Richteg, SKOPJE! An an dëser schéiner Stad krute mir vum Organisatiounscomité ee flotte Programm iwwer 4 Deeg gebueden. Fir dir ee besseren Abléck iwwert déi Konferenz ze gi kriss de Dag fir Dag eisen Oflaf erzielt.

Donneschden

Den éischten Dag huet réischt méi spéit ugefaangen, fir dass do déi jonk Ingenieure genuch Zäit haten hier Urees duerchzeféieren. Den éischte Programmpunkt war dann eng Erëffnungszeremonie an enger spektakulärer Location, an zwar beim nordmazedoneschem President an der Villa Vodno. An wéi dat esou ass wann en ee President trëfft, misste mir ee ganze Securitycheck maachen a krute souguer eis Handy’en ofgeholl. Dofir gëtt et leider och keng Foto mam President:( Mee op jiddwerfalls goufe mir mat 4 verschidde Rieder begréisst; déi éischt vum Hristina Spasevska, Presidentin vum Ingenieursveräin aus Mazedonien, du koum d‘Tina Manoleva, Presidentin vum jonken Ingenieure Club, als drëtt de Paul Jenkinson, President vun der European Young Engineers an zu gudder Lëscht de President, Stevo Pendarovski, héchstperséinlech. Fir déi Zeremonie ze féieren, goufe mir da vum President och op ee Patt a senger Villa agelueden.

No der ganz opreegender Erfarung hu mir den Owend gemittlech an engem Café am Zentrum ausklénge gelooss.

Freiden

Um zweeten Dag stounge Visitte ganz Uewen um Plang. Hei goufe mir an 2 „Tracks“ opgedeelt. Den éischte Grupp kruten een Abléck bei Gerresheimer Skopje, ee Mediakamentenverpackungskonzern, a bei KEMET Electronics Macedonia, eng Elektronikentreprise. Parallel dozou gouf den zweete Grupp duerch d’Séissegkeetefabrik Swisslion an dem Biogasanlaghiersteller Elektro Sharri gefouert. No deenen interessanten Ablécker hannert d’Kulisse vun de verschiddenen Entreprisë war et dunn un der Zäit zeréck ze fueren a vun der „Free Time“ ze profitéieren. No enger hallwen Nomëtte Fräizäit, den déi eng mat Schlofe gefëllt hunn an déi aner éischter sech gefëllt hunn, stoung owes schonn déi nächst Aktivitéit um Programm. Hei krute mir vum Organisatiounscomité ee City Walk offréiert a konnten déi schéinsten Ecker vu Skopje bewonneren. Am Uschloss gouf natierlech net vergiess eis d’Nuetsliewen ze weisen.

Visitt vun der Séisegkeetefabrik Swisslion (Foto: Polina Bashlay)
Abléck bei der Elektroentrepriese KEMET Electronics Macedonia (Foto: Polina Bashlay)

Samschden

E Samschde war den Dag fir Podiumsdiskussiounen a Workshops reservéiert. Divers Theme goufen ugeschwat an och doriwwer philosophéiert. Moies ass et éischter em d’Zukunft vun der EYE gaangen an am Nomëtte gouf Challenges vun der Energiewende diskutéiert. Bei de Workshops konnt een sech tëscht dem „Leadership Lessons Learned on the Entrepreneurship Journey” vum Kosta Petrov an dem”Digital Marketing“ vum Hristina Paneva entscheeden.

Fir dass den EYE Veräin an déi nächst Konferenze weiderhin an Zukunft bestoe kënnen, huet parallel zum beschriwwenen Programm de Council Meeting stattfonnt. Do setzt de ganzen EYE Comité dran an ee Representant aus all Land, a kënnen hire Pefferkär zu verschiddenen Theme, wat d’EYE betrëfft, ofginn.

Owes war et dann erëm un der Zäit sech vu senger elegantste Säit ze weisen an sech fir de Gala Dinner an d‘Schuel ze schmeissen. Fir de leschte gemeinsamen Owend krute mir am Old City House ee Stéckchen Kultur gewisen. Hei gouf ronderëm Dëscher gedanzt a gesongen. Kulinaresch goufe mir hei och ganz verwinnt, dass op jiddwerfalls keen hongereg aus dem Restaurant gaangen ass. Fir déi feierlech Atmosphär weider beizebehalen, si mir an een Open-Air Club gaangen. Den Highlight war hei, dass um hallwer 2(!) an der Nuecht eng live Rockband opgetrueden ass an eng mega Stëmmung verbreet huet. No enger gelongener Ofschlossfeier huet et da geheescht „nëmmen nach 1 mol schlofen an da fuere mir heem“.

Gruppefoto um Galadinner vun de Participante vun der EYE zu Skopje (Foto: Polina Bashlay)

Sonnden

De leschten Dag ass ugebrach a scho gouf déi allerlescht Aktivitéit ugebueden. Hei konnten een eng beléiften Attraktioun an Nordmazedonien ukucken; d’Ried ass hei vum Matka-Canyon, eng Schlucht a gläichzäiteg och een Naturdenkmal. Hei konnten en déi wonnerschéi Landschaft genéissen a bësse vun de méi oder manner haarden 3 Deeg erofkommen.

Dann war et schonn un der Zäit sech Äddi ze soen a voller neien Erliefnesser a schéinen Erënnerungen sech op dee Wee heem ze maachen.

D’ANEIL seet der EYE an dem Organisatiouncomité aus Skopje ee grousse Merci fir déi gelonge Konferenz an hofft vill Membere bei der nächster EYE Konferenz zu Limerick vertrieden ze kënnen.

Save the Dates

  • 01.12.2023: Visitt am Atomkraftwierk zu Cattenom.
    • Umeldung: ass leider schon zou
  • 08.12.2023: Visitt vum SIDEC
  • 22.12.2023: Get together um Chrëschtmaart an der Staat, op der Place d’Armes beim Cercle Municipal
  • 27.12.2023: AG vun der ANEIL, Forum Da Vinci, Staat Lëtzebuerg
  • 05.01.2024: Visitt vu Luxtram, Luxembourg
  • 26.01.2024: Visitt bei CTI Systems, Lentzweiler
  • 29.03.2024: MeetIng. 2023, am Centre culturel Schéiss, Belair