E puer wichteg Rappeler fir dëse Freideg, den 29. März

Léif ANEIL-Memberen, folgend Events fir den Mäerz 2024  wollten mir Iech net virenthalen.

29.03.2024: Visitt Metzeschmelz
29.03.2024: meeting.
29.03.2024: ANEIL Intercercle

Visitt Metzeschmelz

Dat alt ARBED-Wierk zu Esch-Schëffleng, bekannt fir hier Eisen- a Stolproduktioun, gëtt zu engem Stadvéierel fir d’Zukunft, mat gemëschtem postindustriellen Notzen. Op ronn 63 Hektar solle bis zu 10.000 Mënsche liewe kënnen. Nieft Wunnenge sollen och Geschäfter, Bildungsariichtungen a Fräizäitméiglechkeeten um Site integréiert ginn.

Du wëlls méi iwwert dëse Projet gewuer ginn, da komm gären den 29.03.2023 mat op d’Visitt. LSC engineering erkläert eis déi néideg Schrëtt déi bei esou engem grousse Projet all musse gemaach ginn an natierlech hier Implicatioun an dësem Projet.

Umelle kanns du dech bis den 19.03.2023 hei: https://forms.gle/E8HJTtryMGKnoAX88

Bei Froe mellt iech gären ënnert lisa.schweig@aneil.lu

Meeting

Wéi gewinnt, fënnt de meeting. um Karfreiden, dem 29. Mäerz an der Schéiss (142 Val Ste. Croix, 1370 Luxembourg) statt an ass fir eis Membere gratis.

Och dëst Joer stellen sech eis Partner als éischt mat kuerze Presentatioune vir, an tëschenduerch sinn ëmmer nees kuerz interaktiv Q&A-Sessions, wou mir knackeg an awer och lëschteg Froe stellen, fir eise Partner méi genee op den Zant ze fillen.

Uschléissend hues Du op der Partnerfoire d’Méiglechkeet an engem lockere Kader Dech mat Iessen a Gedrénks mat eise Partner auszetauschen.

Zousätzlech kanns du op dem meeting. däi CV vun enger Expertin checken an dech beroden loossen (Frist fir d’Aschécke vum CV ass de 27. März beim Barbara Hougardy (hyperlink)). Gläichzäiteg kanns du och um Event eng nei professionell Foto fir däi CV maache loossen.

Well de meeting. an engem flotte Kader stattfënnt, biede mir Dech deen Dag den Dresscode Casual Chic ze respektéieren!

Fir d’Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

Wann’s Du Loscht hues laanscht ze kommen, da mell Dech bis de 24. Mäerz iwwert dëse Link: https://forms.gle/zRMQuwcJvni6JBJk9  un.

ANEIL Intercercle

Dëst Joer organiséiere mir erëm een ANEIL Intercercle. Dëse besteet aus eisem Fräibéier deen direkt no dem meeting. Stattfënnt wou dëst Joer den DJ Gus fir gutt Stëmmung suerge wäert. Wann’s du scho virdru beim meeting. Dobäi bass, ass dësen Owend fir dech fir näischt. De Fräibéier start um 21:00 a wäert bis 2:30 goen.

Den Dag drop fënnt de Science & Lunch mat enger Visitt guidée am Naturmusée an uschléissendem Mëttegiessen am Urban statt. Wann’s du motivéiert bass um ganzen Intercerlce oder just un enger vun den Aktivitéite kanns du dech bis den 26. Mäerz iwwert dëse Link: https://forms.gle/4Nz2wZsm6UgGSULG9 umellen. Dat ganzt kascht fir:

Fräibéier:

ANEIL-Member (um meeting./net um meeting.): 0€/5€

Net Member: 10€

Science & Lunch:

Jiddereen: 20€

Looss dir déi Geleeënheeten net entgoen a mir freeën eis op Dech!