D’ANEIL op Entdeckungsrees zu Toulouse

2023 ass d’Rees vun der ANEIL an déi schéi franséisch Stad Toulouse gaangen. Toulouse ass haaptsächlech dofir bekannt dat sech de Firmesëtz vun dem gréissten europäesche Fligerkonstrukteur, AIRBUS hei befënnt. Et leit dofir natierlech och op der Hand dat d’ANEIL als Cercle vun den Ingenieursstudenten sech dëst Wierk ukucke gaangen ass. Am AIRBUS Wierk zu Toulouse ass d’Endmontage vun de Fligeren, där hier Eenzeldeeler de Wee aus ganz Europa bis op Toulouse fannen. Mat engem Bus si mer iwwert de Site vun AIRBUS gefouert ginn, wat schonn Indiz genuch ass dat et sech hei em een enorm grousse Site handelt. Wärend der Faart krute mer vill Informatiounen zu AIRBUS , senger Geschicht an och dem haitege Stand vun AIRBUS an der Welt. Mier duerften dann och d’Endmontage vum A340 vun enger Aussichtplatform aus bestaunen a kruten dobäi vill iwwert de ganze logistesche System vun AIRBUS gezielt, den opgrond dovun dat hier Wierker a ganz Europa verdeelt sinn extrem opwänneg ass. En Deel vun där Logistik hu mer dann och kuerz drop virun der Dier gesinn, wou eng Partie vun hire Beluga XXL Transportfligere stoungen. No der Visitt vum Wierk goung et nach an hire Musée wou mer nieft engem A380 an enger Boeing  Super Guppy  och zwou Concorden bestaune konnten.

D’Delegatioun vun der ANEIL op der Rees 2023. Een Programmpunkt vun der Rees, eng Visitt bei AIRBUS (Foto: Lisa Schweig)

Nieft der Visitt vun AIRBUS déi definitiv als Highlight vun der Rees dierf ugesi ginn, ware mer och nach e Wënzerbetrib besichtegen, a konnten natierlech och Wäin aus der Géigend schmaachen. Ausserdeem koume mer nach an de Genoss vun enger Visitt Guidée mat engem aussergewéinlech motivéiertem Guide de gefillt Geschicht vun Toulouse selwer geschriwwen huet. Duerno hu mer och nach e klenge Rallye duerch d’Stad gemaach. Donieft hu mer eis et och kulinaresch gutt goe gelooss an d’Owender an dem engen oder anere Café ausklénge gelooss. Allgemeng huet d’Stad och jidderengem ganz gutt gefall am et gi vill schéi Gebaier ze bestaunen. Nieft Toulouse selwer si mer dann och nach vir een Dag mam Zuch op Carcassonne gefuer wou mer d’ei bekannte Buerg an Alstad besichtege gaange sinn déi sech an engem excellenten Zoustand befënnt. No 5 Deeg war déi flottt Vakanz dann och rëm eriwwer a mir hunn eis mam Fliger, awer kengem AIRBUS, rëm zréck op Lëtzebuerg gemaach. E grousse Merci geet dann nach un d’Lynn Aachen vir déi fantastesch Organisatioun vun der Vakanz.

Een Abléck an d’Hangaren vun AIRBUS (Foto: Lisa Schweig)
Eng Gruppefoto vun de Participanten vun der ANEILs Rees. Am Hannergrond d’Fortificatioun vu Carcasonne (Foto: Lisa Schweig)  

Saves the Dates

  • 01.12.2023:                                Visitt am Atomkraftwierk zu Cattenom.
  • 08.12.2023:                                Visitt vum SIDEC
  • 22.12.2023:                                Get togehter um Chrëschtmaart an der Staat
  • 27.12.2023:                                AG vun der ANEIL
  • 05.01.2024:                                Visitt vu Luxtram, Luxembourg
  • 26.01.2024:                                Visitt bei CTI Systems, Lentzweiler