Réckbléck an Aussicht op Eventer vun der ANEIL

Leider ist der Eintrag nur auf Französisch verfügbar.

Déi traditionell Table Ronde vun der ANEIL, de meeting. huet wéi üblech dëst Joer um Karfréiden, den 29. Abrëll an der Schéiss stattfonnt. Héi haaten d‘ Studenten d’Méiglechkeet vu verschiddenen Firmen am MINT-Beräich, een Abléck an d’Beruffswelt ze kréien.

Gestart huet dat Ganzt mat de Präsentatioune vun eise Partner, gefolgt vun enger interaktive Q&A-Sessions, wou en och Froe stellen konnt. No den Presentatioune haaten dann d’Studenten  d’Geleeënheet mat de verschiddenen Firmen/Partnere bei engem Apero perséinlech ze schwätzen an sech iwwert d’Aarbechtsliewe vun de verschiddenen Ingenieursberuffer informéieren ze kënnen.

Zur selwechter Zäit gouff et eise CV-Check, bei deem ee sech vun enger Expertin berode loossen an eng professionell Portraitsfoto maache loosse konnt.

Den ganzen meeting. ass begleed ginn vun engem Walking Dinner an engem gudden Patt zum Bäschten.

Mir soen an dëser Plaatz villmols Merci un eis Sponsoren, Organisateuren an Studenten, déi eis Et erméiglegt hun dëst schéint Event op d‘ Been ze stellen.

Foto: @aneilluxembourg (Instagram)

Réckbléck vum IC

Traditionell um groussen ANEILs Dag, deen och als Karfreide bekannt ass, huet d’ANEIL de Startschoss fir hiren 2. Intercercle ginn. Dëst Joer waren d’Programmpunkten iwwer 2 Deeg verdeelt: Um Owend vum Karfreiden huet den ANEIL-Fräibéier stattfonnt an den Dag duerno wor dem “Science & Lunch” gewidmet.

Den offizielle Start vum Fräibéier war den 29. Mäerz um 21:00 Auer an der “Schéiss”.  Vue dass déi traditionell Table Ronde vun der ANEIL, de meeting., virdru war, gouf de Raum an engem fléissenden Iwwergang vun engem professionelle Kader op Feiermodus ëmgebaut a sou konnt jiddereen, egal op virdrun um meeting. oder net, an de Genoss vumall you can drink kommen.

Wéi den Numm et scho verréit, gouf et natierlech Béier à volonté, mee net nëmmen dat: Nieft enger Variatioun u Béieren, Battin a Bofferding gouf et awer och nach wäisse Wäin, Rosé a Schampes. Net-alkoholesch Gedrénks gouf natierlech och ugebueden, well wie kënnt dat net, dat gutt an noutwennegt Zwiwa. Sou wor séchergestallt, dass keen duuschtreg (an niichter) bleift.

Fir eng gutt musikalesch Stëmmung wärend dem Fräibéier huet den DJ Gus gesuergt. Vun aktuelle Charts bis zäitlos Klassiker war alles dobäi, mee awer och all bekannte lëtzebuergesch Studentelidder sinn dësen Owend net ze kuerz komm, soudass och de Mikro alt emol eng Ronn gemaach huet.Natierlech gouf den Owend mam Michel Sardou ofgeschloss.

Den Dag duerno hu mer eis dunn am spéide Moien am Naturmusée am Gronn getraff fir de “Science & Lunch”. Och wann net jiddereen et dohinner gepackt huet, wor d’Visitte Guidée mega interessant. Nieft enge sëllege Funfacts iwwert Asteroide, konnte mir der souguer upaken an hu vill spannend Infoe krut. Eise Guide wor extrem passionéiert a konnt op all Fro ausféierlech agoen. Puer interaktiv Spiller hunn och déi ganz verschlofen nach hallefweegs monter krut.

Foto: @aneilluxembourg

Deloitte – German Open Day

„Lerne Deloitte Luxemburg und unsere German Business Community kennen“

Deutschsprachige Talente gesucht! Du bist kurz davor Dein Bachelor- oder Masterstudium abzuschließen (oder hast Dein Studium gerade erfolgreich beendet) und interessierst Dich für ein Praktikum oder einen Berufseinstieg bei einer der größten Prüfungs- und Beratungsgesellschaften weltweit? Dann bewirb Dich jetzt für den German Open Day am 3. Mai 2024 in Luxemburg.

Das erwartet Dich

Verbringe einen spannenden Tag bei uns in Luxemburg, lerne unser modernes DSquare Office und unser sympathisches Team der German Business Community kennen – und lege so vielleicht den Grundstein für Deine Karriere bei Deloitte.

Programm:

  • Anreise
  • Unternehmenspräsentation von deutschen Partnern und Direktoren
  • Networking-Lunch, bei dem Du unser deutschsprachiges Team persönlich kennenlernen und Deine Fragen stellen kannst
  • Interaktive Präsentationen unserer Geschäftsbereiche Wirtschaftsprüfung, Steuern und Beratung
  • Abschluss-Cocktail mit toller Aussicht von unserem 16. Stock

Wir beteiligen uns an den Anreisekosten.

Noch Fragen? Bitte schick uns eine E-Mail an: luforum@deloitte.lu (Anmeldefrist: 28 April 2024)

Student fir 1 Dag

D’ANEIL ass e fachspezifesche Cercle den d’Interesse vum lëtzebuerger Ingenieur- an Naturwëssenschaftsstudent vertrëtt. Eise Programm besteet aus zwee Deeler:

  • 1.) Moies
    No enger kuerzer Aféierung vun der ACEL stelle mir als ANEIL den Ingenieur- an Naturwëssenschaftsberaich fir. Unhand u Beispiller sollt dir verstoe firwat ee Wëssenschaftler gebraucht gëtt a wat de Beruff esou eenzegaarteg meescht. Natierlech wäerten Froe wei ‘wou kann ech Studéieren a wei gesäit mäi Studium aus’ net ze kuerz kommen.
    Doropshin fënnt vun 10:00 bis 12:00 eng Visite vun dem Héichuewen an der Cité des Science am Fonds Belval statt.
  • 2.) Mëttes
    No der Mëttegpaus wäert dir kennen u verschiddenen Workshops deelzehuelen.Heibäi hutt dir de Choix zwëschent zwou Méiglechkeeten:
    • a) Méiglechkeet Thema: Problem Solving: An dësem Workshop wäert dir erkläert kréie wei eng Icetea-Maschinn funktionéiert. Am Unhang dovunner musst dir d’Maschinn verbesseren an optimiseieren andeems dir als Gruppe zesumme schafft.
    • b) Méiglechkeet Thema: Haustechnik a Statik: An enger éischter Phase stelle mir iech Thema Fiichtegkeet an Technik an engem Gebai fir. Um Unhang vun dëser Presentatioun gi mir d’Technik am Unisgebäi selwer besichtegen soudass dir d’Theorie un engem praktesche Beispill kennt gesinn. Do dono wäert e weidere Workshop stattfanne mam Thema Statik vun enger Bréck. No enger kuerzer Virstellung wei eng Bréck iwwert hale kann, ass är Kreativitéit gefrot. Dir wäert nämlech mussen är eege Bréck aus Holz bauen. Uschléissend dorunner wäert dir kennen d’Resistenz vun ärer Bréck bis zum briechen testen.

De Link fir Iech unzemellen fënnt dir hei:
https://sf1d.acel.lu/booking/1/139521015a6aa93e2edfc1993471d99e56f8b6af).

Oppe Positiounen am Comité vun den European Young Engineers

Hues du Loscht international dech fir jonk Ingenieur*innen an Ingenieurstudent*innen anzesetzen, da kéint dech dëst interesséieren. D’ANEIL ass Member bei den European Young Engineers (EYE) an déi sichen aktuell Verstäerkung fir hire „Council“ deen de 18. Mee gewielt gëtt (keng Angscht, du muss dofir net zu Limerick sinn). Hei drënner fënns du hire Message:

We are looking to onboard and vote in 3 new Vice Presidents in May 2024 at the Limerick Council Meeting. The Vice President roles open are Finance, External Relations and Public Relations. The applications for these roles will be open until the 6th of May.

The application form is attached here: https://forms.gle/Fx14GZibHExqdwfe6