Ofschloss vum Joer 2023: Een neie Comité fir d’ANEIL

Leider ist der Eintrag nur auf Französisch verfügbar.

De 27. Dezember huet d’ANEIL hier traditionell Assemblée Générale Ordinaire a Extraordinaire am Forum Da Vinci ofgehalen. Nodeems jiddereen agetraff war an sech bësse mat Pizza a Gedrénks konnt stäerken, goung et dann och scho lass. Ugefaangen huet d‘ AG mat der AG Extraordinaire wou puer kleng Ännerungen vun de Statuen ofgestëmmt goufen an dono direkt mat der AG Ordinaire. No engem Joer voller interessanter Aktivitéite war de Réckbléck op den Aktivitéitsbericht deementspriechend laang. Dorun uschléissend gouf de Keesebericht vum Joer 2023 virgestallt.

Uschléissend goung et ëm t d’Kompositioun vum neie Comité. Mir soen all deenen déi de Comité verlooss hunn op dëser Plaz villmools Merci fir hiert laangjäregt Engagement am Comité a wënschen hinnen all Guddes fir hier Zukunft Des weidere gouf dëst Joer e mei grousse Changement a Hinsicht vun de Studentestied aus deenen di nei Comitésmemberen hierkommen. Ganzer 8 verschidde Studiestied sinn am neien ANEIL Comité vertrueden a mir sinn houfreg drop esou eng Diversitéit dëst Joer am Comité virweisen ze kennen.

Studiestied sinn am neien ANEIL Comité vertrueden a mir sinn houfreg drop esou eng Diversitéit dëst Joer am Comité virweisen ze kennen.

Foto: @aneilluxembourg, Da Vinci Forum

Bei der Wal vum neie Comité sinn eis eng Partie al Gesiichter aus dem ale Comité erhaale bliwwen, ma et koumen dëst Joer awer och sechs nei Leit an de Comité dobäi. Den Comité vun der ANEIL setzt sech dëst Joer wéi follegt zesummen:

President: Alex Junck
Vize-Presidentin: Polina Bashlay
Sekretärin: Claudia Welter
Tresorière: Maya Lenertz
Sponsoring: Ronny Roos
Informatik: Sam Olinger
Studieninformatioun: Justine Welter
Publikatioun: Catherine Theisen
Events: Francois Welter, Barbara Hougardy
Rees: Antoine Goedert
Visitten: Lisa Schweig
Social Media: Kéoma Oran
Cooptée: Lynn Aachen

Fir d‘Joer 2024 hu mir eis zum Zil gesat, d’ANEIL nees méi present bei de Student_innen ze maachen, fir méi eng divers Zesummesetzung vun de Memberen ze erreechen an domat d’Sproochrouer vun der ANEIL ze vergréisseren. De Logo-Design vu Merch-Artikele ass mëttlerweil fäerdeg beaarbecht a mir hunn och schonn der Verkaf vun eisen neie flotten ANEILs-Pullover, -Tshirten a -Jackerten. Eng Rëtsch Ausflich a Visitte stinn dëst Joer och um Programm.

Ugefangen hun mir d Joer 2024 mat enger Visitt vu Luxtram

De 5. Januar huet d’ANEIL sech bei sonnege Wieder um Kierchbierg beim “Neien Tramsschapp” vu Luxtram getraff. Um Programm stoung d’Visitte vun den Atelieren, der Maintenance an der Infrastruktur. Uschléissend hu mir och nach déi nei Bréck iwwer d’Autobunn an de Chantier vun der Extensioun Richtung Findel gesinn, wou sou wuel d’Froe vun eise Verkéiers- a Bauingenieursstudenten, wéi och vun den Forst- an Ëmweltingenieursstudenten beäntwert goufen. Ofgeronnt gouf d’Besichtegung mat enger kuerzer Presentatioun. Mir soe Luxtram Merci fir eng super interessant a vilfälteg Visitt wou jiddereen op seng Käschte koum.

Foto: @aneilluxembourg, Luxtram

Mir freeën eis elo schonns op ee flott Joer 2024 mat villen interessante Visitt, Erfarungen a Gespréicher tëschent Schüler_innen, Student_innen an der Aarbechtswelt. Wann Dir elo virwëtzeg gi sidd, da schreift Iech scho mol folgend Datumer an de Kalenner!

Saves the Dates

  • 26 Januar 2024            : CTI Sytems
  • 29 März 2024               : MeetIng. (Table ronde/Partnerfoire)
  • 16 – 19 Mee 2024        : EYE Conference Limmerick, Irland
  • 10 – 13 Oktober 2024  : EYE Conference Lëtzebuerg