ANEIL: Eng ganz Rëtsch Eventer, déi een net verpasse sollt !

Leider ist der Eintrag nur auf Französisch verfügbar.

Visitt vum Skypark mat Steffen Holzbau an IMS an de Resumé vun der EYE Spring Conference 2023 – An eng ganz Rëtsch Eventer, déi een net verpasse sollt !

Visitt vum Skypark mat Steffen Holzbau an IMS
Den 28ten Abrëll hat mir Rendezvous-vous zu Grevenmacher am Büro vu Steffen Holzbau. No engem frëndlechen Empfang hunn mir mat enger Powerpoint gestart. Mir kruten interessant Informatiounen an Detailer zu Prestigeprojete wéi dem Biodiversum Haff Réimech, dem Gemengenatelier zu Monnerech, dem Centre de compétence zu Bettembourg an natierlech och zu dem Skypark Buisness Center. Ee wichtegt Detail wat mer erkläert kruten ass zum Beispill dat d’Qualitéit vum Holz an de leschte Joren ee Stéck ofgeholl hutt. Des féiert dozou dat verschidden Holzklassen haut net méi ze kréie sinn. Dest beaflosst och direkt d’Planung vun engem Projet, well eng méi schlecht Holzklass manner Laaschten droe kann an dermadder d’Holz muss méi deck virgesi ginn. No dësem klenge Virtrag goufe mer duerch hire Site geleet an duerften eis hiert Lager wéi d’Seeërei an d’Schlässerei ukucken.

Abléck an d’Seeërei vun Steffen Holzbau (Foto: Lisa Schweig)

No dem Tour zu Grevenmacher, si mer ob de Findel gefuer fir de Skypark kucken ze goen. De Skypark ass en Gebai, wat direkt niewent dem Haaptgebai vum Findel gebaut geet. Dëst innovativ Gebai ass 370m laang an am Moment massenméisseg déi gréissten Holzkonstruktioun vun Europa. Gebai steet direkt niewent dem Findel a soll spéider emol en Hotel, Restauranten, Büroen a Geschäfter enthalen. Donieft bitt Gebai en super Ausbléck ob Rollfeld vum Findel. De Skypark gëllt als héichmodern a soll en Referenzgebäi am Thema Nohaltegkeet an Holzbaumethoden duerstellen. De Bauhär ass LuxAirport, den Architekt Bjarke Ingels Group (BIG) an den zoustännegen Ingenieursbüro ass Au2. Steffen Holzbau këmmert sech, wei soll et anescht sinn, em Holzkonstruktioun vum Gebai.

Andréck vum Chantier Skypark (Foto: Lisa Schweig)

Mat senger spezieller Form, stellt Gebai awer och Erausfuerderungen duer. Ob verschidde Platzen, ass et en normaalt sechsstäckegt Gebai, mee ob anere Platzen huet Gebai just 3 Stéck an déi sinn deelweis als Brécke fräischwiewend. Zum Zäitpunkt vun onser Visitt, war de Bau säit 2 Joer am gaangen. Insgesamt soll awer Steffen Holzbau bis Abrëll 2024, also an engem Joer, fäerdeg sinn. Dann hätten si genau 2 Joer mat um Projet geschafft.
Mir soe Steffenholzbau an IMS villmools Merci fir déi flott a léierräich Visitt.

Gruppefoto vun den Participanten bei der Visitt vum Skypark. 
(Foto: Lisa Schweig)

EYE (European Young Engineers) Spring Conference 2023 –11.-14. Mee 2023, Den Hague, Holland
Fir de Jubiläum vun der 50. EYE-Konferenz, hunn sech 9 Membere vun der ANEIL vum 11. bis de 14. an Holland zu Den Hague mat der European Young Engineers Community getraff. Am Mëttelpunkt stoungen dobäi Networking, interessant Visitten, Workshops an awer och d’Feieren.

Den Donneschden stoung am Zeeche vun der Urees an der Opening Ceremony. Well mir eis am Viraus ofgeschwat haten, sinn mer a Fuergemeinschaften ukomm an hunn an zwee flotten Appartementer iwwernuecht. Nom Check-In hunn mer eis all am Sëtz vum KIVI, dem Koninklijk Instituut Van Ingenieurs, getraff, wat den hollännesche Pendant zum Forum da Vinci ass. Do gouf d’Fréijoerskonferenz 2023 mat engem Patt an enger humorvoller Begréissung vun der Hollännescher Delegatioun an der Präsidentin vun der EYE lancéiert.

Freides stoungen dunn divers Visitten um Programm. Dofir konnte mir schonn am Virfeld tëscht 2 verschiddene Programmer wielen: Eng Kéier hate mer d’Méiglechkeet de Rotterdamer Hafen a Siemens kucken ze goen oder awer op Eindhoven Philips besichen ze goen. Bei der Visitte vum Port of Rotterdam hunn Ingenieuren aktuell Themen opgegraff an et gouf e Gastvirtrag vum Startup Zero Emission Services (ZES) deem seng Visioun et ass, austauschbar Batterien an der Binnenlandschëfffaahrt z’etabléieren. Uschléissend koum de COO vum Port of Rotterdam héchstperséinlech laanscht an huet sech eise Froe gestallt. Gläich duerno krute mir e flotten Tour Guidé vun enger lokaler Architektin vum RDM Dock am Hafen, wou al Hafeninfrastruktur elo der Allgemengheet transforméiert an zur Verfügung gestallt gëtt. Am Uschloss huet Siemens 2 Visitte proposéiert wou de Fokus op der Zukunft vun der Haustechnik, der smarter Stroumversuergung an Digital Twins loung.
Owes hunn mer eis dann all zesummen an engem Café getraff fir eppes z’iessen, ze drénken an e spontanen Tour duerch d’Stad ze maachen. Den Dag hunn mer dann an engem Café nach relax ofgeschloss.

Brainstorming an de Workshops vun der EYE (Foto: Lisa Schweig)

Samschdes goung et moies mat engem Keynote Speech vun enger jonker Ingenieurin vu Siemens zum Thema AI am KIVI lass. Direkt duerno hate mir d’Méiglechkeet aus 2 verschiddene Workshop-Programmer ze wielen: Dem Beer Game Workshop, wou et drëms geet als Grupp eng Liwwerketten op d’Been ze stellen, oder enger Serie u Workshope mat Fokus op Engineering Education. No enger Rei Kaffispausen an dem Mëttegiesse stoungen nach d’Festivitéite fir de Jubiläum vun der 50. EYE-Konferenz um Programm. No engem kuerzem Ofstiecher an eis Appartementer, wou mer eis a Schuel geworf hunn (Tenue Correcte war Flicht), hunn mer eis all am Ambassador Hotel zu Den Hague getraff fir do zesummen z’iessen an unzestoussen. Nom Iesse stoung dunn Feieren um Programm an hunn dobäi d’Nuecht zum Dag gemaach.

Eng Delegatioun vun der ANEIL, op de Festivitéite fir de Jubiläum vun der 50. EYE-Konferenz (Foto: Lisa Schweig)

Sonndes stoung dunn de leschte Programmpunkt un: Zesummen hunn mer eis virum Peace Palace, dem Internationale Geriichtshaff, deen an engem beandrockende Gebai ass, getraff an den entspriechende Musée besicht. Uschléissend ass een Deel vum Grupp nach op Scheveningen op d’Plage gefuer fir d’Sonn an d’Mier bëssi ze genéissen.

Mir soen dem Organisatiounscomité vun der EYE Den Hague e grousse Merci fir déi flott Konferenz, nei Frëndschaften a schéin Erënnerungen a mir freeën eis schonn op déi nächst Konferenz déi an Nordmazedonien stattfanne wäert. 

Saves the Dates

16. Juni 2023: Visitt bei Karp Kneip – Umeldung: https://forms.gle/iRTBGNS8BeP7DeFh7

7. Juli 2023: Visitt beim CGDIS (Corps grand-ducal d’incendie et de secours – Umeldung: https://forms.gle/HCPyrT24LVSTDWZN8

14. Juli 2023 moies: Visitt bei der Cargolux – Umeldung: https://forms.gle/8gp4VSrHbBhhKo9F9

14. Juli 2023 owes: ACEL Studentebal, P+R Bouillon