Sympathesch Monster fir d’Pneumatik z’erklären

D’14. Editioun vun der Luxembourg International Science Expo – LISE, eng net-kompetitiv Foire, déi jonk Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland versammelt – all déi Gewënner vum Jonk Fuerscher Concours an deementspriechenden Concoursen an anere Länner – huet Ufank November zu Lëtzebuerg stattfonnt. D’Woch war gepräägt vu pedagogeschen Aktivitéiten, kulturellen Entdeckungen an engem fräien Austausch mam Grand Public.

Eise Wëssens-Atelier war bei der Expo präsent an huet Aktivitéite ronderëm d’Thema Pneumatik ugebueden, wou Jonker vun all Alter e sympathescht Monster mat engem Eeërkartong bastelen an et op hir eegener Manéier dekoréiere konnten. De besonneschen techneschen Aspekt war d’Op-an Zoumaache vum Monster sengem Mond mat enger Sprëtz.

Maurice Hoogenhout an Lilli Gales.

Niewent eisem Stand ware méi wéi 100 brillant Studenten an de Forum Geesseknäppchen komm, fir hir Fuerschungs- an Innovatiounsprojeten, esouwéi hir Länner an Territoiren, déi si vertrieden, virzestellen: Éisträich, Belsch, Bulgarien, China, Dänemark, Spuenien, Estland, Frankräich, Georgien, Däitschland, Israel, Italien, Lëtzebuerg, Mexiko, Marokko, Nigeria, Portugal, Rumänien, Slowenien, Schwäiz, Taiwan, Tunesien, Tierkei, Simbabwe.

Ronn 500 Schüler aus 10 Lycéeën zu Lëtzebuerg hu vun dësen interessante Rencontere profitéiert. D’Ausstellung gouf och vum Ierfgroussherzog Guillaume besicht, ënnert deem sengem Patronage d‘ Jeunes Scientifiques du Luxembourg stinn, déi dëst Evenement all Joer organiséieren.