Den 5. Abrëll 2025 hat d’ANEIL erëm d’Méiglechkeet, um Student fir een Dag deelzehuelen an Schüler fir d’Ingenieur- an Naturwëssenschaftsstudiegäng ze begeeschteren.
Den Event huet um Belval stattfonnt an ass an zwee Haaptdeeler opgedeelt gewiescht.
De Moien huet mat enger kuerzer Presentatioun vun der ACEL ugefaangen, gefollegt vun enger Aféierung duerch d’ANEIL, an där mir déi verschidde MINT-Studiegäng méi am Detail virgestallt hunn. Direkt duerno hunn d’Schüler am CNFPC un engem praktesche Problem-Solving-Workshop deelgeholl: Si hunn d’Funktioun vun enger Icetea-Maschinn kennengeléiert an a Gruppen Iddien entwéckelt, fir dës z’optimiséieren – eng spannend Aufgab, déi hinnen en Abléck an déi wichteg Roll vu Problemléisung am Studium an am spéidere Beruff ginn huet.
No enger kuerzer Paus ass den Dag mat enger grousser Froeronn weidergaangen, bei där d’Schüler all hir Froen zum Studium an dem Alldag vun engem Student stelle konnten.
Mir freeën eis iwwert déi vill motivéiert Schüler, déi deelgeholl hunn, an déi dynamesch Atmosphär, déi de ganzen Dag iwwer ze spieren war.
De Student fir een Dag war fir eis eng flott Geleeënheet, d’Begeeschterung fir d’MINT-Fächer weiderzeginn an déi nächst Generatioun vu Studente fir dës spannend Beräicher ze inspiréieren!
Visitt Chantier CHL
Den 18. Abrëll 2025 haten eis Membere Geleeënheet, bei der ANEIL x CHL Chantier-Visitt op ee vun de gréisste Gros-Oeuvre-Chantieren zu Lëtzebuerg matzegoen.

Zesumme mam Büro BEST konnten d’Participanten en Abléck an déi nei CHL Centre-Baustell kréien, wou Spidolsstrukturen an engem zäitgeméisse Mega-Projet vereent ginn – an dat alles live um Réibau!
No enger interessanter Visitt haten d’Participanten d’Méiglechkeet, an enger Q&A-Session Froen un déi Verantwortlech ze stellen an sou direkt an den Alldag vum Ingenieurberuff eran ze schnupperen.
Dank Sécherheetsschong an dem gestallte Helm konnten eis Membere sécher duerch d’Chantier geleet ginn.
E grousse Merci un eis Partner a jiddereen, deen dëst Visitt esou gelongen gemaach huet!

Meeting
De selwechten Dag huet dann och eisen traditionelle ANEIL Meeting. wéi gewinnt um Karfreiden an der Schéiss stattfonnt. De Meeting. war fir all eis Membere gratis an huet eng super Plattform gebueden, fir eis Partner besser kennenzeléieren an sech an entspaanter Atmosphär auszetauschen.

Eis Partner hunn den Dag mat kuerze Presentatioune gestart, an deenen si hir Organisatiounen an Aktivitéite virgestallt hunn. Tëscht de Presentatioune goufen interaktiv Q&A-Sessioune gebueden, déi d’Geleeënheet ginn hunn, fir zousätzlech Detailer ze klären an eis Partner nach besser kennenzeléieren.
Uschléissend huet d’Partnerfoire stattfonnt, wou d’Participanten d’Méiglechkeet haten, an engem lockere Kader mat Iessen a Gedrénks mat de Partner an d’Gespréich ze kommen. Als besonnesche Service konnten d’Membere hire CV vun enger Expertin checke loossen an direkt wäertvoll Tipps fir hir professionell Entwécklung mat huelen. Vill hunn och d’Geleeënheet genotzt, fir sech eng nei professionell CV-Foto maachen ze loossen.

De Meeting. ass an enger angeneemer an professioneller Atmosphär verlaf, an de Casual Chic Dresscode huet der Stëmmung nach en extra flotten Touch ginn. Fir Iessen a Gedrénks war natierlech och gutt gesuergt.
Mir soen allen Participanten e grousse Merci fir hir Präsenz an déi dynamesch Atmosphär – mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!
ANEIL Intercercle
Am Kader vum groussen ANEILs Dag huet d’ANEIL traditionell de Startschoss fir säin 3. Intercercle ginn. Dëst Joer war de Programm op zwou Deeg verdeelt: Den Owend vum Karfreiden huet den ANEIL-Fräibéier stattfonnt, gefollegt vum Science & Lunch um nächsten Dag.
De Fräibéier ass offiziell direkt am Uschloss un d’traditionell Table Ronde vun der ANEIL gestart. De Raum gouf an engem fléissenden Iwwergang vun engem professionelle Kader an eng méi geselleg Atmosphär ëmgebaut, sou dass all Participant – onofhängeg dovun, ob en um Meeting. deelgeholl hat oder net – an de Genoss vum All-You-Can-Drink komme konnt.
Wéi den Numm scho verréit, stoung eng grouss Auswiel un Béier (Battin a Bofferding) zur Verfügung, ergänzt duerch wäisse Wäin, Rosé, Schampes an eng Rei net-alkoholesch Gedrénks, fir sécherzestellen, dass fir all Goût gesuergt war.
Fir déi musikalesch Ënnerstëtzung vum Fräibéier huet den DJ Karier gesuergt an eng ofwiesslungsräich Mëschung aus aktuellen Charts an zäitlose Klassiker gebueden, déi fir eng dynamesch an ausgelass Stëmmung gesuergt huet.
Den Dag drop hu sech d’Participanten am spéide Moien bei de Kasematten am Gronn fir de Science & Lunch erëmfonnt. D’Kasematten zu Lëtzebuerg sinn ënnerierdesch Befestegungsanlagë, déi am 17. Joerhonnert gebaut goufen, fir Zaldoten a Waffen ze schützen.
Haut gehéieren si zum UNESCO-Weltkulturierwen a symboliséieren déi strategesch Wichtegkeet vu Lëtzebuerg an der europäescher Geschicht. Wärend der guidéierter Visitt hu mir en detailléierten Abléck an dës faszinéierend Geschicht kritt.
Als Ofschloss si mir nom kulturelle Programm zesummen an den Urban iesse gaangen, fir de Weekend an enger entspaanter an kollegialer Atmosphär ausklénge ze loossen.