mercredi 28 mai 2025

De Wëssens-Atelier op der YEP!-Schoulfoire

Och bei der véierter Editioun vun der YEP!-Schoulfoire, déi vum 27. bis den 30. Abrëll an der Luxexpo stattfonnt huet, war den Wëssens-Atelier nees dobäi. Dës Kéier hate mir d’Chance fir vu Méindes bis Mëttwochs och Atelieren fir Schoulklassen aus dem Fondamental unzebidden, an eis esou bei eiser Haapt-Zielklientèle besser bekannt ze maachen. Insgesamt goufen bei eis um Stand eng 275 pneumatesch Rakéiten gebaut, déi déi Jonk duerno matt heem huelen konnten.

D’YEP!-Schoulfoire gouf dëst Joer um um Familljendag e Sonndeg vun ronn 5.000 Visiteuren besicht, ënnert der Woch waren et bal 11.000 Schüler (d’Hallschent dovunner aus dem Fondamental). Si gëtt vum Ministère de l’Education organiséiert an fënnt all Joer Enn Abrëll statt a gëtt organiséiert fir dass déi Jonk sech iwwer d’Bildungssystem an d’Orientéierung am Schoul- a Beruffsliewen kënnen informéieren. Méi Informatiounen fannt dir hei: https://schoulfoire.lu/