Zesumme mat der ANESEC an der ALEM konnt d‘ ANEIL och dëst Joer rëm mat hire Cocktails um Studentebal iwwerzeegen. Bei guddem Wieder an eng super Ambiance war et nees ee vollen Erfolleg! Mir als Comité soen ee grousse Merci u jiddereen dee gehollef huet a freeën eis op nächst Joer!
Visitt B Medical Systems
Du hues dech schonn ëmmer gefrot wéi däi Blutt oder eng Impfung gekillt vun A no B kënnt ? Dann ass des Visitt genau dat richtegt fir dech!
BMedical ass ee féierend Betrib an der Medezintechnik a bekannt fir Kill- a Gefréierscheef fir Impfungen, Bluttplasma a villes méi. Sie produzéieren héischpräzis an zouverlässeg Geräter fir de medezinesche Gebrauch weltwäit.
Du bass gespaant op een Abléck a Produktioun vun esou enger Firma da mell dech ënnert dësem Link un.
D’ Plazen si limitéiert, maach dech also bäi!
EYE Conference Luxembourg 2024
Dëst Joer ënnerstëtzt d’ANEIL de Comité vun der EYE Conference zu Lëtzebuerg déi vum 10ten bis den 13ten Oktober stattfënnt.
Bei der EYE Conference Luxembourg gëtt Lëtzebuerg seng Roll als Kräizwee vun Europa thematiséiert. Duerch déi strategesch Lag tëschent der Belsch, Frankräich an Däitschland, ass eist Land zu engem wichtegen Zentrum fir europäesch Entscheedunge ginn. D‘ Konferenz bitt eng Geleeënheet, Lëtzebuerg seng Positioun an d’Engagement fir europäesch Integratioun, d’EU-Institutiounen an seng Roll als Finanzzentrum ze entdecken.
D’Participante kréien Ablécker a Lëtzebuerg seng Aktivitéiten an EU-Initiativen, seng Positioun zu wichtege Froen an säin Engagement fir eng eenheetlech europäesch Gemeinschaft. Schléisst Iech u fir déi vill Schichte vu Lëtzebuerg seng Bäiträg zu Europa ze entdecken an d’Zukunftsperspektiven ze envisagéieren.
Weider Informatiounen fannt dir ënnert follgendem Link: eyeconference.lu.