Zesumme mat der ANEIL bidden sech dëse Juli zwee eenzegaarteg Ablécker: eng Visitt vum Chantier vum zukünftege Vëlodrome an eng vum SEBES-Site zu Eschduerf. Fir Membere vun den Ingénieurs et Scientifiques sinn e puer Plaze reservéiert – also séier umellen!
Visitt Velodrome
Dem 3. Juli hu mir d’Chance eis zesummen mat eisem Partner Schroeder & Associés den Projet vum Velodrome méi genee unzekucken.
No laangem politeschen Hin an Hier ass dësen eenzegaartege Projet mëttlerweil am Bau an ob allefall derwäert ze gesinn, dofir mellt iech elo ënnert dësem Link un.
Visitt Sebes
De 17. Juli gi mir eis zesummen de Site vun der SEBES zu Eschduerf ukucken. Dëse Site kann aktuell ronn 38000 m3 Waasser pro Dag opbereeden a spillt domat eng essentiel Roll am Lëtzebuerger Drénkwaasserreseau. Ënnertdësem Link kennt dir iech umellen.































