Um Samschdeg no Christi Himmelfaart huet de Wëssen-Atelier Statioun um Wiichtelfest an der Foussgängerzon zu Ettelbréck gemaach. De ganzen Nomëtteg stoung am Zeeche vum Fuerschen, Entdecken a kreativen Ausprobéieren.
Um Stand vum Wëssen-Atelier huet de Maurice ronn 80 Kanner begréisst, déi zesumme mat him eng „Pneumomaus“ gebaut hunn. Dobäi gouf en Déierekapp aus Leem geformt (deen net ëmmer wéi eng Maus ausgesinn huet …) an un enger Pipette befestegt. Duerch d’pneumatesch Aktivatioun vun der Pipette huet d’Déier seng Nues duerch e Rideau gestreckt an se duerno nees zeréckgezunn.



































