Wann dir déi zweet Saison vun der “Science Take-Off Show” verfollegt hutt, dann hutt der de Cousin vun eiser „Putzmaus“ schonn eemol an Aktioun gesinn. Et ass eng Schongbiischt, op déi mir ee Batteriehalter an ee Motor befestegen – a ganz wichteg: un de Motor gëtt eng Unwucht ugeschrauft, an dësem Fall ee Stéck Lüsterklemme. Duerch des Unwucht fänkt eis Maus un ze vibréieren an sech ze beweegen.
An dësem Atelier léieren d’Kanner d’Basics vun der Elektrizitéit kennen (Stroumquell, Stroumkrees, Verbraucher, Materialien déi de Stroum leeden oder déi isoléieren). Ausserdeem schwätze mir iwwert Vibratiounen. An natierlech, wéi an allen eise Kueren, léieren d’Kanner, matt Handwierksgeschier ëmzegoën.
D’Putzmaus ass ee vun eise Lieblingsatelieren fir Ufänger, matt engem eenzegen einfache Stroumkrees, deen d’Kanner selwer zesummenléiden. Ausserdeem ass dëst Wierkstéck einfach spaasseg an „süss“, v.a. wann et duerno bei eis oder matt hirer Schoulklass nach kann e bëssi dekoréiert ginn.









- Wann Dir tëschent dem 27. an dem 30. Abrëll op der YEP Schoulfoire an der Luxexpo sidd, kommt eis gären um Stand 14 besichen!