Thursday July 31st, 2025

Wëssens-Atelier Workshops – De Ventilator (oder „einfache Stroumkreess“)

Sorry, this entry is only available in Français.

An eiser Serie „Wëssens-Atelier Workshops“ stelle mir Iech haut eisen Ventilator oder „einfache Stroumkreess“ vir. Bei dësem Atelier kënnt Dir wielen, ob Iech eng Luucht opgeet, oder ob Dir ee kille Kapp behaalt. Mat engem Schalter, deen aus enger einfacher Bürosklamer besteet, kënnt dir nämlech entweder eng kleng Luucht umaachen oder ee Ventilator bedreiwen.

Dëst Wierkstéck ass, esou ze soen, eisen „Klassiker“, et ass meeschtens dat éischt wat mir matt enger Klass maache wann si bei eis an de Wëssens-Atelier kënnt. Niewt eiser Putzmaus ass et nämlech dat Wierkstéck wou een den einfache Stroumkrees am bëschten verstoen an am einfachsten zesummebauen kann. An doduerch dass hei esou wuel gemooss, geschrauft, gebuert an eben och geléit gëtt, kréien d’Kanner ganz vill verschidden handwierklech Fäegkeeten matt op de Wee.

An am Beräich vun der Theorie, gëtt eis dësen Atelier natierlech d’Geleeënheet iwwert d’Basics vun der Elektrizitéit ze schwätzen: wéini beweegen sech Elektronen iwwerhaapt an engem Stroumkreess, wat sinn hei d’Komponenten (Stroumquell, Verbraucher, Kabel), wat fir Materialien leeden de Stroum a wat fir eng isoléiren…

Grad am Summer ass de Ventilator beléift. Wann Kanner an Ärem Ëmfeld och nach een wëlle bauen, mellt se gären un, eise Summer-Planning fir d’Maushaus ass online an et sinn nach Plazen fräi: https://www.wessens-atelier.lu/online-courses-program/