Wëssens-Atelier Formatiounen fir d’Léierpersonal

Sorry, this entry is only available in Français.

Den Donneschden 9. Januar war am Lycée des Arts et Métiers ee Grupp vun Enseignanten an Educateuren um Rendez-vous fir déi éischt Sessioun vun eise Wëssens-Atelier Formatioune vum Schouljoer 2024/25. Déi insgesamt 3 Kueren à 3 Stonnen lafen ënnert dem Motto “Mit Elektrizität in die Zukunft – Erkenntnisse und Einblicke in die Elektrik anhand von praktischen Aktivitäten”, an d’Formatioun gëtt ofgehalen vum Mike Zawidzki, deen am Lycée des Arts et Métiers ënnerriicht an deen och schonn zënter dem Start vun eisem pädagogesche Projet Kueren vum Wëssens-Atelier fir Klassen a Foyers Scolaires aus der Stad an Ëmgéigend ofhält. 

Eis typesch Zilgrupp sinn Enseignanten aus dem Fondamental, mee et  sinn och Enseignanten aus dem Secondaire, esou wéi Educateuren aus dem non-formelle Secteur dobäi. Matt dëser Formatiounen verfollegen mer direkt e puer Zieler:

  • den Enseignanten an Educateuren d’Grondlagen vum sécheren Schaffen am Beräich vun der Elektrizitéit matt op den Wee ginn,
  • hinnen unhand vun e puer prakteschen Beispiller ze weisen wéi een dës Grondlagen de Schüler ka vermëttelen,
  • si ze beroden falls si wëlles hunn matt hirer Klass / hirer Schoul esou Aktivitéiten ze plangen.

Mir hoffen et op dësem Wee fäerdeg ze brengen, dass technesch Atelieren méi oft an den Schoul-Alldag vun eisen Schüler angebonnen ginn, an dat net nemmen am Secondaire Général.

Dëst Schouljoer as och (op mannst) nach eng aner Formatioun geplangt, dës Kéier zu Clierf am Lycée Edward Steichen, ab dem 26. Februar, mam Jerry Jacobs. Et sinn nach Plazen fräi, dir dierft gären Reklamm dofir maachen: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/290435?tab=C