Thursday April 30th, 2026

Wat leeft grad beim Wëssens-Atelier?

Sorry, this entry is only available in Français.

Mir waren op der Schoulfoire

Den 19. bis den 22. Abrëll war eis Wëssens-Atelier Ekipp matt engem Atelier op der Schoulfoire. Sonndes krute mir och tatkräfteg Ënnerstëtzung vun e puer Conseils-Memberen fir eis pneumatesch Gräifäerm matt de Kanner ze bauen.

Dësen Event gëtt all Joer vum Educatiounsministère an der LuxExpo organiséiert fir Kanner um Enn vun der Primärschoul eng Hëllefsstellung bei der Orientéierung ze ginn, respektiv Lycéesschüler ze weisen, a wat fir enge Beräicher si spéider kënne schaffen.

Eise mobillen Atelier ass weider ënnerwee

Nodeems mir am 2. Trimester zu Péiteng, um Helperknapp, zu Wëntger, Réimech a Steebrécken Coursë gehalen hunn, ass eise Mobil och bis zum Enn vum Schouljoer voll ausgebucht. An de nächste Wochen maache mir nach am Préizerdall, zu Reckéng, Diddeleng an zu Luerentzweiler Statioun.

Donieft kënnt Dir och eise Stand Samsdes de 16. Mee vun 13 bis 18 Auer um Wiichtelfest besiche kommen, dat zu Ettelbréck an der Foussgängerzon stattfënnt.