Thursday October 30th, 2025

Neit Wandrad zu Lellig – op Visite matt der Soler

Sorry, this entry is only available in Français.

De Freiden 24. November hunn sech eng zwanzeg vun eise Memberen op Lelleg deplacéiert fir sech déi nei Wandmillen unzekucken déi momentan vun der Firma Soler do opgeriicht gëtt. Si konnten op jidder Fall um eegene Leif novollzéie firwat dës Plaz als Standuert ausgewielt gouf, well et huet nawell zimmlech geblosen – wat dann och de Grond war firwat net, wéi eigentlech geplangt, d’Rotorblieder untransportéiert an installéiert konnte ginn. De grousse Kran deen fir de Montage vu der Anlag um Site stoung, awer wéinst dem staarke Wand zu deem Zäitpunkt erofgelooss gouf, kann Baudeeler bis zu 140 m héich hiewen.

Momentan steet vum Wandrad vum Typ Enercon E-138 den  Tuerm matt der Gondel. Mat enger Nennleeschtung vun 4,5 MW kann d’Wandmillen herno Stroum fir ronn 9,03 Milliounen Kilowattstonnen liwweren, wat an etwa dem Stroumverbrauch vun circa 2000 Véierpersounenhaushalter entspriecht. Et handelt sech bei der Wandmillen em ee gedriwwslose Modell. 

Zousätzlech zum Tuerm loung och schonn ee Rotorblat um Site. Mat senge ronn 68 m Längt a engem Gewiicht vun 23,5 Tonne war dat een impressionanten Ubléck.

De Standuert zu Lelleg / Berbuerg bitt net nëmme gutt Wandkonditiounen: d’Fundament konnt op dëser Plaz direkt op de Fiels gebaut ginn, wat ee méi geréngen Opwand ass, wéi wann een de Bueden muss verdichten, respektiv Pilonen am Buedem verankere. Zousätzlech verleeft net wäit ewech eng Mëttspannungsverdeeler-Statioun, wou kann agespeist ginn. Esou eng Wandkraaftanlag huet eng Liewensdauer vu 25 Joer, woubäi d’staatlech d’Subsiden um Stroumpräis déi éischt 15 Joer ausbezuelt ginn. An no deenen 15 Joer mécht d’Soler dann eng nei Wirtschaftslechkeetsanalys fir ze kucken ob de Standuert weiderhin rentabel ass. Mëttlerweil sin Wandmillen esou konstruéiert, dass den Ofbau einfach, Module pro Module, kann virgeholl ginn. An dass esou vill Baudeeler wéi méiglech kënne recycléiert ginn – grad am Beräich vun de Rotorblieder entsteet do grad eng nei Industriespart.

Eise Guide, de Maxime Kauff, huet awer och vill iwwert de Betrib vun esou enger Anlag erkläert, deen opgrond vu Vullen, Fliedermais, Äis, an natierlech Wandrichtungen an -Vitesse muss séier a flexibel kënnen ugepasst ginn. D’Plangen an d’Bedreiwe vun enger Wandkraaftanlag ass also net nëmmen eng Fro vun enger effizienter Technologie, mee vu ville Ëmwelt-Parameteren, déi berücksichtegt musse ginn.