Um Freidegmoie vum 13. Dezember huet d’ANEIL sech Rendez-Vous fir d’Visitt vum Housener Contournement ginn. Eng Ronn 10 Membere vun der ANEIL wéi och 10 Leit vun IngSci waren um Dill fir déi 1. Visitte vun engem vun de gréisste Chantieren am Land.
Ugefaange gouf mat enger kuerzer, mee informativer Präsentatioun. Nieft wichtege Keyfacts zum Chantier gouf awer och de Projet un sech duergestallt. Iwwert 4,4km Streck wäert bis 2030 e Contournement ronderëm Housen inklusiv Echangeure gebaut ginn. Dat Ganzt fënnt am Kader vum Amenagement vun der N7 statt fir déi mi sécher ze maachen.
Den Highlight wor dann d’Visitte vum Chantier selwer. Aktuell gëtt un dem Tunnel, deen als Tranchée Ouverte gebaut gëtt, geschafft. Dofir goufen engersäits 400.000 Kubikmeter Buedem erausgehuewen an a verschidde Klassen ënnerdeelt, a gläichzäiteg gëtt elo awer och d’Fundament vum Tunnel gegoss. Allgemeng gëtt a Bauabschnitter vun 12.5m geschafft a betonéiert. Aktuell sinn se kuerz virdrun, dass déi éischt Béi mat engem mobillen Schalwagen gegoss ginn. D’Armature gëtt dofir op Niveau vun der aktueller N7 hiergestallt an da mam Kran an déi 27m déif Tranchée erofgelooss, wou se dann um Schalwagen fixéiert gëtt fir duerno d’Tunnelröhre fäerdeg ze betonéieren. Dat widderhëlt sech dann eng sëllege Mol bis d’Längt vum Tunnel hiergestallt ass. Duerno gëtt mam Aushuew d’Tranchée nees opgefëllt.
Nieft dësem Tunnel entstinn och nach vill aner Ouvrage d’Art’en (OA) laanscht dësen neien Tronçon. D’Geologie huet dobäi scho bei der Planung, mee och elo beim Bau, fir sou munch Iwwerraschung gesuergt.
No der Visitte krute mer dann nach Glühwäin a Pizza fir bei Gespréicher dës gelonge Visitt auskléngen ze loossen.
Mir soe villmools Merci fir déi mega interessant Visitt a freeën eis och zu engem spéideren Zäitpunkt nach emol een aneren OA ze besichtegen.
(Auteur : Alex Junck)
ANEIL goes Chrëschtmaart
Den 20. Dezember treffe mer eis matt eise Frënn vun der ANESEC an der ANELD an der Stad op der Plëss (Place d’Armes) virum Cercle fir zesumme mat eise Memberen op de Chrëschtmaart ze goen. Fir all Member de matgeet gëtt et ee Glühwäin op d’ANEIL.
Mir freeën eis fir jiddereen dee mat eis de Wee op de Chrëschtmaart fënnt.
Assemblée Génerale + Quizowend vun der ANEIL
Den 22. Dezember steet traditionell rëm d’Assemblée Générale vun der ANEIL um Programm. D’AG ass wei gewinnt am Forum DaVinci op 6, bd G.D. Charlotte. Ab 11h30 empfaange mir dech als Member vun der ANEIL mat Pizza an engem Patt (wat gëtt et Besseres wéi eng gutt Pizza am Hang vum TdN an dem Badener Bal! Duerno si mer da bëssi méi seriö a zéien eis alljärlech AG duerch!
Wann s du dech dofir interesséiers fir d’nächst Joer eng Charge am Comité vun der ANEIL ze iwwerhuelen an domat zukünfteg Ingenieure bei der Wiel vun hirem Studium sou wéi wärend dem Studium ënnerstëtze wëlls, da mell dech bis de 15. Dezember per Mail oder perséinlech bei engem Comitésmember. Falls de der nach onsécher bass an’s de allgemeng Froen zur Aarbecht am Comité hues dann zéck net eis déi Froen ze schreiwen.
No der AG fënnt dann och eisen ANEIL’s Quiz ab 15:30 statt!
Dofir fir all (Denk-) Sportler:innen opgepasst! Mir testen eis Kandidaten:innen a ganz ënnerschiddleche Kategorien op ganz ënnerschiddlechen Niveauen, esou dass fir Jiddereen:t eppes dobäi ass. Natierlech ginn et och flott Präisser ze gewannen, maacht dofir är Bicher op bzw. dat wat dir virun den Exame maacht! An den Aschreiwungskäschten sinn d’Drinks an d’Snacks inclus.
Mir freeën eis ee flotten Dag mat iech!