Den 13.11. hunn d’ANEIL Memberen d’Méiglechkeet hannert d’Kulissen vun Hitec ze kucken. An et sinn och nach e puer Plazen fir IngSci Memberen fräi.
HITEC Luxembourg ass eng lëtzebuergesch Héichtechnologiefirma, déi 1986 gegrënnt gouf an haut zu Mamer sëtzt. Si entwéckelt a produzéiert Antennesystemer fir Satellite-Buedemstatiounen, ënner anerem fir de Galileo-Programm. Ausserdeem baut se Miess- an Testapparater fir d’Industrie a bitt Léisunge fir Verkéiersmanagement an Noutfallkommunikatioun un.
Interesséiert? Dann mellt iech bei der ANEIl iwwert dëse Link
Visitt vun HITEC
Freiden, 13.11. um 13h45
49 Rue du Bäerendall
8212 Mamer































