De 7. Juni huet bEST Ingenieurs-Conseils d’ANEIL op eng Visitte vun der neier Waasseropbereedungsanlag zu Rëmerschen an uschléissend op hire bEST Barbecue agelueden.
Am fréien Nomëtten huet d’ANEIL sech direkt zu Rëmerschen getraff a sinn du vu bEST, de Responsabele vun der Gemeng Rëmerschen an dem SESE (Syndicat pour la conduite d’eau du Sud-Est) duerch déi nei Anlage gefouert ginn; dës ass esou gutt wéi fäerdeg. Déi meescht Aarbechte si schonn ofgeschloss an d’Installatioune si scho en place. Well d’Waasserconsommatioun iwwert déi lescht Joren enorm eropgaangen ass, gouf beschloss zousätzlech Buerungen am Museldall ze maache fir Uferwaasser z’enthuelen. Allerdéngs huet dëst Waasser ze vill Sulfat an ass op der Waasserhärteskala wäit iwwert dem zoulässege Beräich, dofir wor dës Anlag noutwendeg. Duerch Umkehrosmose gëtt ee gudden Deel vum gefërderte Waasser gefiltert, soudass duerno un sech distilléiert Waasser do ass. Uschléissend gëtt dëst mat naturbeloossenem Waasser vermëscht fir ee gëeegent Drénkwaasser zur Verfügung ze stellen.
Dës Weidere gëtt sur place d’Waasser gelagert an och an déi verschidde Gemengen oder och Späicherinfrastruktur am SESE geleet. Dofir stinn 2 grouss Späicher direkt an der Anlag zur Verfügung an am Keller eng sëlleg Pompelen a Ventiller. Zousätzlech sinn eis Memberen duerno zesummen an d’Wäibierger gefuer wou sie dunn de Rëmerschener Waassertuerm gewise kruten, deen sou wuel um Fouss 2 grouss Becken, mee och uewen nach emol dee Waassertuermtypesche Späicher, huet. Als lescht konnte sie dann och nach emol op de Waassertuerm goe fir déi schéi Vue iwwert d’Mislerland an -dall ze genéissen.
Am spéiden Owend war d‘ ANEIL dunn och nach op de bEST BBQ invitéiert, wou si all Joers hier Collaborateuren a Clienten invitéieren. An engem flotte Kader hun sie et sech et do gutt schmaache gelooss, an d’Ambiance mat e puer Pätt genoss.
D‘ANEIL seet bEST Merci fir déi flott Visitt an d’Invitatioun op hier Fest!
Studentebal ACEL
De 5. Juli dëst Joer ass d‘ ANEIL rëm mat der ALEM an der ANESEC zesummen um Studentebal um Bouillon an der Stad, dee vun der ACEL organiséiert gëtt a mixt 3 lecker Cocktails fir d‘ Student:innen.
Verpasst op kee Fall d’Geleeënheet op ee flotten Owend mat gudder Ambiance a leckerem Iessen a Gedrénks!
EYE Conference Luxembourg 2024
Dëst Joer ënnerstëtzt d’ANEIL de Comité vun der EYE Conference zu Lëtzebuerg déi vum 10ten bis den 13ten Oktober stattfënnt.
Bei der EYE Conference Luxembourg gëtt Lëtzebuerg seng Roll als Kräizwee vun Europa thematiséiert. Duerch déi strategesch Lag tëschent der Belsch, Frankräich an Däitschland, ass eist Land zu engem wichtegen Zentrum fir europäesch Entscheedunge ginn. D‘ Konferenz bitt eng Geleeënheet, Lëtzebuerg seng Positioun an d’Engagement fir europäesch Integratioun, d’EU-Institutiounen an seng Roll als Finanzzentrum ze entdecken.
D’Participante kréien Ablécker a Lëtzebuerg seng Aktivitéiten an EU-Initiativen, seng Positioun zu wichtege Froen an säin Engagement fir eng eenheetlech europäesch Gemeinschaft. Schléisst Iech u fir déi vill Schichte vu Lëtzebuerg seng Bäiträg zu Europa ze entdecken an d’Zukunftsperspektiven ze envisagéieren.
Weider Informatiounen an Early-Bird Ticketen fannt dir ënnert follgendem Link: eyeconference.lu
Save the date
12.- 15.09.2024: ANEIL Clubrees op Prag