Visitt B Medical Systems an EYE Conference

Sorry, this entry is only available in Français.

Freides de 9. August war d’ANEIL op eng Visitt bei B Medical Systems zu Housen. Säit 40 Joer sinn si an der medezinescher Kill- a Gefréiertechnik wei och an de medezineschen Transportsystemer täteg. Si sinn drop spezialiséiert zouverlässeg an innovativ Technologien ze entwéckelen, déi op der ganzer Welt kenne genotzt ginn. Ënner anerem befaasst sech hier Branche mat der medezinescher Killung, dem Blutmanagement an der Killkette vun Impfstoffer.

@ANEIL

Fir d’éischt krute mir eng kleng Introductioun zu der Firma a kruten erkläert, dass d’Firma zu Housen net nëmmen entwéckelt mee och hier Produite selwer sur Place produzéieren. Weider goung et dunn an hire Showing Room, wou all hier verschidde Produiten ausgestallt sinn. An deem Raum hutt een hier medezinesch Kill- a Gefréierschief gesinn, déi eng sécher Lagerung vun Impfstoffer, Medikamenter, Prouwen, Blutbestanddeeler a Weideres versécheren. Des gi speziell gebaut, fir den Ufuerderunge vu Laboen, Fuerschungsariichtungen, Klinicken, Bluttbanken, Apdikten a national Immuniséierungsprogrammen ze entspriechen. Eis gouf och erkläert, dass d’Firma vill Kontakt mat aneren humanitäre Féierungsperséinlechkeete hutt wei zum Beispill Gesondheetsministèren, NGOs oder och UNICEF.

Fir d’éischt gouf eis hier Vaccine Cold Chain virgestallt. Hei hunn se eis verschidde Kill- a Gefréierschief fir Impfstoffer gewisen, déi net nëmme mat Stroum, mee och mat Gas oder Kerosin bedriwwe sinn a sou och a Länner kenne genotzt ginn, wou net direkt e Stroumnetz zur Verfügung steet. A Länner mat vill Sonnenenergie, hunn si och Produiten déi mat Solarzelle funktionéieren. Sou kann och eng Killketten an den ofgeleeënste Gebitter versécheren. Dovunner ofgesinn, entwéckelen si och Impfstoff Transportboxen. Des ginn et a verschidde Gréissten: déi mei kleng kennen als Emhängeposch genotzt ginn, déi mei grouss als Transportkëschte fir an den Auto. B Medical ass och an der medezinescher Refrigeratioun spezialiséiert a produzéieren Ultra-Gefréierschief, Gefréier- a Killschief fir Laboe wéi och Pharma-Killschief. Des si wichteg fir eng onënnerbrach Killkette, d’Stabilitéit an d’Haltbarkeet vun Impfstoffer, Medikamenter oder Bluttdeeler ze garantéieren. Als 3. Produitsrei spezialiséieren si sech op Blutt Management. Do gi Kill- a Gefréierschief fir Blutt, Bluttplasma, Bluttbanken a Bluttkonserven entwéckelt. All hier Produiten hunn de Fokus benotzerfrëndlech, effizient a confortabel genotzt kenne gi fir dass och op internationalem Niveau hier Produkter op einfacher Aart a Weis verstanen a genotzt kenne ginn. Um Schluss vun dësem Showroom gouf eis hire B connected gewisen. Dëst ass eng Iwwerwaachungssoftware fir d’Killgeräter déi sech iwwerall op der Welt befannen. Derbäi ginn Temperaturen erfaasst, opgezeechent a festgehalen an et kann een all Killgerät op Distanz op Effizienz préiwen.

Als zweeten Deel vun der Visitt si mir bis an hier Produktiounshal gaangen. Do konnte mer di fäerdesch Produite, déi mir am Show Room gesinn hunn, an der Produktionskette gesinn. Zum Beispill entstinn hier blo Boxen duerch Moule wou flëssege Plastik era gefëllt gëtt. All des Produite sinn EU MDR/FDA-zertifizéiert Medezinproduiten an erfëllen den héchste Strandard u Sécherheet a temperaturkontrolléiert Lagerung. Mir kruten hier Sécherheetsanlage, déi op Qualitéitmanagementsystemer spezialiséiert sinn, gewisen, wou hier Produiten all eenzel gepréift a getest ginn.

Mir soe B Medical Systems e grousse Merci fir des aussergewéinlech an héchstinteressant Visitt an hirem Siège zu Housen. Et war ganz interessant mei iwwert d’Killkette vun Impfstoffer kennen ze léieren, mee och eemol eng Produktiounshal zu Lëtzebuerg banne kennen ze gesinn. Merci villmools!

EYE Conference Luxembourg 2024

Sidd mat dobäi op der EYE Konferenz zu Lëtzebuerg!

Sidd dir bereet, Lëtzebuerg vun enger neier Säit z’entdecken a gläichzäiteg äert Netzwierk international z’erweideren? Da notéiert iech de 10. bis de 13. Oktober 2024 fir déi 53. European Young Engineers (EYE) Konferenz! Fir d’éischte Kéier an der Geschicht wäert dës Konferenz zu Lëtzebuerg stattfannen!

Firwat derbäi sinn?

D’EYE Konferenz ass méi wéi just een Treffe vu jonken Ingenieur*Innen a Studenten. Hei kënnt dir:

– Netzwierker erweideren: Knäppt nei Kontakter mat jonken Ingenieur*Innen aus iwwer 20 Länner a méi wéi 30 Ingenieursassociatiounen aus Europa.

– Skills verbesseren: Maacht mat bei Workshops, Diskussiounsronnen a Panelen, an huelt Inspiratioun a nei Iddie mat.

– Erfarung deelen: Léiert vun den Erfarungen an Innovatioune vun aneren a bréngt är eegen Iddien op den Tapis.

– Kultur nei entdecken: Erlieft de kulturellen a wirtschaftlechen Afloss vu Lëtzebuerg als een zentralen Acteur an Europa a maacht bei sozialen Evenementer mat, dorënner de prestigiéise Gala-Dinner an der Abtei Neimënster!

Luxembourg: Crossing point of Europe

Lëtzebuerg als strategesch Plaz tëscht Belsch, Frankräich an Däitschland, huet sech als en Aflosszentrum vun der europäescher Zesummenaarbecht an Innovatioun entwéckelt. Mat enger räicher Geschicht, déi d’Visioune vun europäescher Integratioun a wirtschaftlecher Entwécklung vereenegt, wäert dës Konferenz dir déi ënnerschiddlech Aspekter vun dësem klengen, awer wichtege Land weisen.

Verpasst dës eenzegaarteg Geleeënheet net!

D’53. EYE Konferenz zu Lëtzebuerg bitt iech eng Plattform fir äert Netzwierk ze stäerken, nei Fäegkeeten ze entwéckelen a mat Leit vu verschiddene Kulturen an Hannergrënn zesummenzeschaffen. Et ass net nëmmen eng Chance, är Karriärperspektiv z’erweideren, mee och eppes Neies zu Lëtzebuerg ze erliewen – e Land dat wéi keen anert déi ideal Plaz fir dës Konferenz ass, mat senger Geschicht, Kultur an Innovatioun.

Sieft dobäi a gidd Deel vun engem europäeschen Ingenieursnetzwierk, dat gemeinsam Ziler a Visioune verfollegt.

Mellt iech elo hei un: https://eyeconference.lu/shop/

Visitten zu Innsbruck

D’ANEIL luet iech häerzlech op interessant Visitten de 17. an 18. Oktober zu Innsbruck an!

Den 17. Oktober starten mir um 9:30 mat enger Baustellebesichtegung vum Brenner Basistunnel, wou dei längsten ennerirdesch Eisebunnverbindung entsteht.

Den 18. Oktober geet et um 9:00 lass mat enger Wierksbesichtegung vun der Firma Liebherr zu Telfs, wou mir een eemolegen Bleck hannert d’Kulisse kréien.

Fir dat ganzt ofzeronnen, gëtt et donneschdes owes e Patt vun der ANEIL!

Co-Voiturage fir op Innsbruck ass erwënscht an kann dono an der Whatsappgrupp geplangt ginn.

D‘Plazen sinn limitéiert, also first come first serve!

Dir hudd Zäit a Loscht eis ze begleeden ? Da mellt iech iwwert dësen Link un: https://linktr.ee/aneiluxembourg

Mir freeën eis op iech!