« Let’s Engineer – Entdeck d’MINT Beruffer » : Informéiert an Inspiréiert

Sorry, this entry is only available in French.

D’ANEIL, d‘Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois, huet fir d’Informatioun vun Lycéesschüler an als Orientéierungshëllef fir de Choix vun engem Studium, eng informelle Videokampagne lancéiert. Kär dovunner ass d’Presentatioun vun dem MINT- an Ingenieursberäich. An insgesamt 8 Videoen gëtt eng Kéier di ganz Panoplie u Beruffer, an am Detail d’Aarbecht vum Architekt, Bauingenieur, Chemiker, Elektroingenieur, Maschinnebauingenieur, Mathematiker, Informatiker an Physiker attraktiv virgestallt. Dës Videoen sinn all scho ob eiser neier Homepage vun letsengineer respektiv ginn no an no op Facebook an Instagram publizéiert. Komplementär dozou sinn nach méi Informatiounen a weider Beruffer op eisem Site ze fannen. Un dëser Platz soen mir nach emol all de Personnagen Merci, déi bei dëse Videoen matgewierkt hunn an brainplug fir d’Produktioun vum Content.

https://letsengineer.lu/