Thursday March 26th, 2026

Upcoming Events déi een net verpasse soll

Sorry, this entry is only available in Français.

ANEIL meeting.  

Wéi gewinnt, fënnt de meeting. um Karfreiden, dem 03. Abrëll am Forum Geesseknäppchen (40 Bd Pierre Dupong, 1430 Hollerich Luxembourg) statt an ass fir eis Membere gratis.  

Och dëst Joer stellen sech eis Partner als éischt mat kuerze Presentatioune vir, an tëschenduerch sinn ëmmer nees kuerz interaktiv Q&A-Sessions, wou mir knackeg an awer och lëschteg Froe stellen, fir eise Partner méi genee op den Zant ze fillen. Zousätzlech dierfe mir dëst Joer den Aarbechtsminister, den Här Marc Spautz, op eisem meeting. begréissen.

Uschléissend hues Du op der Partnerfoire d’Méiglechkeet an engem lockere Kader Dech bei Iessen a Gedrénks mat eise Partner auszetauschen.  

Doriwwer hinaus kanns Du um meeting. däin CV vun enger Expertin checken an dech berode loossen (Frist fir d’Aschécke vum CV ass de 01. Abrëll beim Pit Krantz (pit.krantz@aneil.lu). Gläichzäiteg kanns du och um Event eng nei professionell Foto fir däin CV maache loossen.  

Well de meeting. an engem flotte Kader stattfënnt, biede mir Dech deen Dag den Dresscode Casual Chic ze respektéieren!  

Fir d’Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.   Wann’s Du Loscht hues laanscht ze kommen, da mell Dech iwwert dëse Link un.

ANEIL Intercercle

Dëst Joer organiséiere mir och erëm eisen ANEIL Intercercle. Dëse fënnt den 03. a 04. Abrëll statt. Um Programm steet natierlech wéi gewinnt den traditionellen ANEIL Fräibéier Owes den 03. Abrëll direkt no eisem Networking Event, dem meeting. Fir datt mir dëst Joer awer och déi richteg Ambiance op eisem Fräibéier hunn, wäert dësen an der Big Beer Company a Clausen sinn. Den nächsten Dag erwart Iech dann am 2. Deel vum Programm de “Science & Lunch”, wou mir um Kierchbierg exklusiv Ablécker hannert Kulisse vun der Philarmonie kréien an uschléissend zesumme Mëtteg iessen. Heibäi gëtt soumat all Musek-, Acoustics-, Architektur-, Bauingenieur-, oder einfach Pizzaliebhaber verwinnt.

Z’erwänen ass nach dat een natierlech och nëmmen op de Fräibéier oder nëmmen op de “Science & Lunch“ komme kann.

Méi Infoen, de geneeë Programm an d’Umeldung fannt Dir hei.

Visitt Creos

Fir ee spannende Start an eise meeting. bitt eis d’Creos dëst Joer eng Visitt vun hirem Héichspannungsposten zu Izeg/Blooren un, dee grouss Deeler vun der Stad Lëtzebuerg an der Regioun mat Stroum versuergt. 

Umelden a méi Infoen fannt Dir ënnert dësem Link.

Visitt Airtech

Du interesséiers Dech fir Composite-Baudeeler a wollt schonn ëmmer wëssen wei d’Hierstellung dovun ofleeft a weieng Materialien een dofir brauch? Da komm de 7. Abrëll mat bei Airtech, dem Leader fir Verbrauchsmaterialien am Composite Beräich.

Fir motivéiert Leit gi mir am Uschloss nach eppes zesummen iessen.

Umeldung mat all den Infoen ënnert dësem Link.

EYE Neapel

Du bass interesséiert u spannende Visitten, Networking a méi aus der Ingenieurwelt a ganz Europa ze entdecken, dann ass d EYE genee dat Richtegt fir Dech! European Young Engineers (EYE) fënnt dëst Fréijoer zu Neapel statt. Als ANEIL-Member profitéiers Du vum gënstëgen “No Accommodation – EYE Member”- Ticket a kriss uewen drop nach eng finanziell Ënnerstetzung fir d’Participatioun! Ticketen kriss Du ënnert dësem Link.

 Bei weider Froe kanns Du Dech gären un de Comité wenden.

Visitt Cattenom

Wei déi lescht Joren hu mir och dëst Joer rëm d’Méiglechkeet eis d’Centrale nucléaire zu Cattenom méi genee unzekucken. Dës Visitt ass op 16 Persounen begrenzt an ëmmer séier ausgebucht. First come, first served!

Infoen, Umeldungen a geneeë Programm fannt Dir hei.