Treffen mat Firmen béi der Table Ronde 2022 vun der ANEIL

Sorry, this entry is only available in French.

D’ANEIL invitéiert iech ob d’Table Ronde 2022, Karfreideg den 15. Abrëll um 15h30, am Centre culturel Schéiss um Belair (142, Val St. Croix, 1370 Luxembourg).

Och dëst Joer sënn eng sëllegen lëtzebuerger Entreprisen, déi sech ob eis Table Ronde virstellen kommen, mam Zil sech mat Studenten auszetauschen an si als potentiell Stagiären oder Employéen ze gewannen.

Ab 15:00 Auer empfänken mir iech an der Schéiss. Um 15:30 Auer fänken d’Präsentatioune vun eise Partner un. Uschléissend fënnt den Networking statt, wou dir iech iwwert d’Aarbechtsliewe vun de verschiddenen MINT-Beruffer informéieren oder Iech eng Stageplatz, en Job oder eng Ofschlossaarbecht sichen kënnt. Zur selweschter Zäit fënnt eise CV-Check statt. Bei Interessi schéckt ären CV bis spéitstens den 13. Abrëll per Email un alex.thiry@aneil.lu. Fir dee perfekte Curriculum Vitae kanns du dëst Joer op der Platz eng professionell Portraitsfoto maache loossen.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Well d’Table Ronde an engem flotte Kader stattfënnt, biede mir dech den Dresscode Casual Chic deen Dag ze respektéieren! Dat ganzt fënnt ënnert Covid-Check (3G) statt.

Ordre du jour:

  •      Welkommswuert vun der Presidentin an dem Responsabelen vun der Table Ronde
  •      Eischten Deel vun den Partnervirträg
  •      Paus
  •      Zweeten Deel vun den Partnervirträg
  •      Networking Event (+CV-Check & CV-Foto) mat Iessen an Gédrenks

An den nächsten Wochen wäerten mir iech iwwert eis Social Media Kanäl all d’Firmen virstellen, déi dir op der Table Ronde begéinen wäert.

Mir hoffen, dass mir iech ob der Table Ronde begréissen dierfen an bei Réckfroen stinn mir iech gären zur Verfügung. Aktuell Informatiounen fannt dir op Facebook an Instagram.

Vergiess net, dech bis den 14. Abrëll 2022 beim Alex Thiry ënner alex.thiry@aneil.lu unzemellen.