Thursday September 24th, 2026

Treffe vun de Wëssens-Atelier Enseignanten

Sorry, this entry is only available in Français.

Den 2. Juli, ier d’Schoulvakanz ugefaangen huet,hu mir nach emol profitéiert fir eis erweidert Wëssens-Atelier Ekipp zesummen ze ruffen.

Mir hunn eis gefreet, de Max Weirig aus der Primärschoul Am Sand perséinlech kennen ze léieren. Hien ënnerstëtzt d‘Wëssens-Atelier Aktivitéiten zu Nidderaanwen ab dem Schouljoer 2026/27, well de Marc Schmit, deen dat laang Joren matt ganz vill Häerzblutt gemaach huet, an d’Pensioun geet. Ee ganz décke Merci un de Marc a wëllkomm un de Max!

No engem Austausch iwwert d’Neiegkeete vun eiser Säit (nei Konventioun mam Ministère, nei Ofleef am mobillen Atelier, Bereetstellung vun didakteschem Material…) a Feedback vun den Enseignanten hu mir den Owend gemitterlech am Restaurant ausklénge gelooss. Mir freeën eis op dat neit Schouljoer an eng weiderhin gutt Zesummenaarbecht!

Wann dir méi wëllt gewuer ginn iwwert d’Präsenz vum Wëssens-Atelier an de Lycéeën an zu Nidderaanwen, invitéiere mir iech, ee Bléck an eis Revue Technique Spezialeditioun vum leschte Joer ze geheien (Säit 22-28).

Op der Foto ze gesinn (vu riets no lénks):

Am Stoen: Maurice Hoogenhout (IngSci), Anne Marmann (IngSci), Claude Gilbertz (Am Sand, Nidderaanwen), Christian Zeyen (IngSci), Carine Gansen (IngSci), Mike Martin (LAM)

Am Sëtzen: Mike Zawidzki (LAM), Nicole Duque (Stagiaire IngSci), Max Weirig (Am Sand, Nidderaanwen)

Net dobäi: Marc Schmit a Melanie Schweich (Am Sand, Nidderaanwen), René Ries (LLJ), Romain Blum (LBV), Jerry Jacobs (LESC)