Dëst Joer dierf d’ANEIL nees um Student fir een Dag fir fachspezifesch Cerclen Deel huelen an dowéinst wollte mir iech biede Werbung bei de Schüler ze maachen, di Interesse hunn eppes am Ingenieur- an Naturwëssenschaftsberäich ze studéieren . Eise Programm besteet aus zwee Deeler a fënnt de 05.04.2025 um Belval statt:
1) Moies:
No enger kuerzer Präsentatioun vun der ACEL stelle mir als ANEIl den Ingenieur- an Naturwëssenschaftsberaich fir an erklären Iech d’Diversitéit an d’Eenzegaartegkeete vun dëse Beruffer.
Doropshi fënnt vun 10:00 bis 12:00 e Workshop iwwert Thema Problem Solving statt: An dësem Workshop wäert dir erkläert kréie wei eng Icetea-Maschinn funktionéiert. Duerno musst dir als Grupp d’Maschinn verbesseren an optimiséieren. Dofir ass dëse Workshop ee gutt Beispill vir ze gesi wei een och herno am Studium oder am Beruffsliewen un d’Léise vu Problemer ugeet.
2) Mëttes:
No enger klenger Stäerkung geet et da mëttes mat enger technescher Visite weider.
D’Schüler kennen sech ënnert follgendem Link umellen.
ANEIL Meeting.
Wéi gewinnt, fënnt de Meeting. um Karfreiden, dem 18. Abrëll an der Schéiss (142 Val Ste. Croix, 1370 Luxembourg) statt an ass fir eis Membere gratis.
Och dëst Joer stellen sech eis Partner als éischt mat kuerze Presentatioune vir, an tëschenduerch sinn ëmmer nees kuerz interaktiv Q&A-Sessions, wou mir knackeg an awer och lëschteg Froe stellen, fir eise Partner méi genee op den Zant ze fillen.
Uschléissend hues Du op der Partnerfoire d’Méiglechkeet an engem lockere Kader Dech mat Iessen a Gedrénks mat eise Partner auszetauschen.
Zousätzlech kanns du op dem meeting. däin CV vun enger Expertin checken an dech berode loossen (Frist fir d’Aschécke vum CV ass de 16. Abrëll beim Till Winzen. Gläichzäiteg kanns du och um Event eng nei professionell Foto fir däin CV maache loossen.
Well de Meeting. an engem flotte Kader stattfënnt, biede mir Dech deen Dag den Dresscode Casual Chic ze respektéieren!
Fir d’Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.
Wann’s Du Loscht hues laanscht ze kommen, da mell Dech bis de 16. Abrëll iwwert dëse Link un.
ANEIL Intercercle
Dëst Joer organiséiere mir erëm een ANEIL Intercercle. Dëse besteet aus eisem Fräibéier deen direkt no dem Meeting. stattfënnt. Wann’s du scho virdru beim meeting. dobäi bass, ass dësen Owend fir dech fir näischt. De Fräibéier start um 21:00 a wäert bis 2:30 goen.
Den Dag drop fënnt de Science & Lunch mat enger Visitt guidée vun de Kasematte statt an engem uschléissendem Mëttegiessen. Wann’s du motivéiert bass um ganzen Intercercle oder just un enger vun den Aktivitéite kanns du dech bis den 10. Abrëll iwwert dëse Link umellen. Dat ganzt kascht fir:
Fräibéier:
ANEIL-Member (um meeting./net um meeting.): 0€/5€
Net Member: 10€
Science & Lunch:
Jiddereen: 20€
Looss dir déi Geleeënheeten net entgoen a mir freeën eis op Dech!
EYE Malta
Du bass interesséiert u spannende Visitten, Networking a méi aus der Ingenieurswelt a ganz Europa ze entdecken, dann ass d’EYE genee dat Richtegt fir dech! European Young Engineers (EYE) fënnt dëst Fréijoer zu Malta statt. Als ANEIL-Member profitéiers du vum gënschtegen “No Accommodation – EYE Member”- Ticket a kriss uewen drop nach eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Participatioun! Ticketen kritt dir ënnert dësem Link. Bei weider Froe kennt dir iech gären un de Comité wenden.