Thursday October 30th, 2025

REEL 2025 Stroossbuerg

Sorry, this entry is only available in Français.

Vum 18. bis den 21. September 2025 war den ANEIL-Comité op der REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) zu Stroossbuerg vertrueden.

Dëst Joer stoung d’REEL ënnert dem Thema: „Prix flambants et retraites en danger: un avenir prospère, est-il toujours possible au Luxembourg?“

Nieft de spannende Partnerpräsentatiounen, Visitten a kulturellen Aktivitéiten hu mir eng gutt Zäit zesumme verbruecht an eis mat villen anere Lëtzebuerger Student:innen aus dem Ausland ausgetosch. Eng grouss Bedeitung hat och d’Journée Politique, wou mir d’Geleeënheet haten, mat Vertriederinnen aus Politik a Gesellschaft iwwert d’Erausfuerderunge vun haut a muer ze diskutéieren.

Mir soen dem REEL-Comité e ganz grousse Merci fir d’Organisatioun an déi vill flott Momenter. Mir freeën eis elo schonn op d’REEL 2026!

CV-Cours ANEIL

De 16. Oktober huet d’ANEIL fir d’éischt Kéier hiren online CV-Cours organiséiert, geleet vun enger Expertin am Beräich HR.

Am éischten Deel vum Workshop huet d’Expertin en Iwwerbléck iwwert de lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart ginn an d’Situatioun fir jonk Akademikerinnen a Akademiker erkläert. D’Participanten hunn dobäi wichteg Ablécker kritt, wéi sech d’Erwaardunge vun den Employeuren entwéckelen an op wat ee beim Start an d’Beruffsliewe besonnesch oppasse soll.

Am zweeten Deel huet si gewisen, wéi een e professionellen CV erstallt, wat dobäi net däerf feelen, a wéi een seng Kompetenzen a Stäerkte kloer ervirhiewe kann. Si huet och nëtzlech Tipps ginn, wéi een no Aarbechtsplaze sicht a wéi een sech op en Entretien virbereet, vu senger Presentatioun bis bei d’Kommunikatioun am Gespréich.

D’ANEIL seet e grousse Merci un d’Expertin fir hiren engagéiert a kompetente Workshop. Mir freeën eis och, datt sech och en Donneschdegowend esou vill Memberen ageschalt hunn, fir un dësem prakteschen an informativen Online-Cours deelzehuelen.

Exklusiv Chantier-Visitt mat Drees & Sommer

November 21 @ 09:00 – 16:00

Den 21 November 2025 hu mir d’Chance, de Mega-Bauprojet Jean Monnet 2 ze besichen – zesumme mat den Experten vu Drees & Sommer! 🔥
📍 Wat erwaart iech?
✅ Exklusiv Ablécker an e Groussprojet aus éischter Hand 🏗️
✅ Lean Management live erliewen – mat engem interaktiven Lean Management-Spill 🎯
✅ Networking & Karriärméiglechkeeten bei Drees & Sommer 🚀

👥 Plazen limitéiert op 15-20 Persounen! Séchert iech är Plaz! ✉️
📆 Datum: 21.11.2025 (9:00-16:00 Auer)
📍 Munsbach: Fir den éischten Deel mam Virtrag & Networking
📍 Kierchbierg: Fir d’Chantiers-Visitt vum Jean Monnet 2
📅 Umeldungs-Deadline: 06.11.2025
➡️ Umeldung iwwer den heiten Link! Och op fir Membere vun der IngSci.
Wien ass dobäi? 🚀💪