En Donneschden den 23. Abrëll hu mir eis an engem gemitterleche Kader zu 4 an engem Online Meeting mat der Madame Ries vun HR Services fir den Interview-Cours getraff. An enger ausféierlecher Präsentatioun si mir op all déi wichtegst Punkten agaangen, op déi ee muss bei sengem Interview oppassen.
D’Madame Ries huet duerch hier jorelaang Erfarung am Secteur vun de resources humaines schonn sou zimmlech alles erlieft a konnt eis unhand vu konkrete Beispiller weisen, wei een sech richteg an engem Interview-Gespréich verkeeft, awer och wat een op guer kee Fall sollt probéieren. Eng Partie Tipps an Tricks sinn et dann och nach ginn, fir sech de gewënschte Stage oder d’Aarbechtsplaz ze sécheren.
De klenge Grupp huet et erméiglecht op all Persoun eenzel anzegoen, sou dass no enger Rei interessanter Diskussiounen all eis Froe beäntwert waren. Mir soen der Madame Ries e grousse merci fir dësen interessante Cours.































