Visitt bei der Creos
Traditionell virum “meeting” huet och dëst Joer eng Visitt stattfonnt, an zwar um Héichspannungsposten zu Itzeg/Blooren vun der Creos. Hei hu mir en Abléck iwwert de ganze Lëtzebuerger Stroumreseau an de verschidden Netzlinne duerch Lëtzebuerg kritt. Um Posten Itzeg/Blooren krute mir dann och erkläert wei Spannungstransformatiounen funktionéieren a wei sou déi verschiddeLeeschtungen op déi verschidde Plazen (Dierfer, Fabricken…) transportéiert ginn. Da krute mer och nach en Abléck an déi ganz Schutz- a Stéiertechnik vum Stroumreseau.
E grousse Merci un d’Creos déi eis des Visitt erméiglecht hunn an un all Participant.
Den ANEIL meeting.
De selwechten Dag huet dann och eisen traditionelle ANEIL Meeting. um Karfreiden am Forum um Campus Geeseknäppchen stattfonnt. De Meeting. war fir all eis Membere gratis an huet eng super Plattform gebueden, fir eis Partner besser kennenzeléieren an sech an entspaanter Atmosphär auszetauschen.
Eis Partner hunn den Dag mat kuerze Presentatioune gestart, an deenen si hir Organisatiounen an Aktivitéite virgestallt hunn. Tëscht de Presentatioune goufen interaktiv Q&A-Sessioune gebueden, déi d’Geleeënheet ginn hunn, fir zousätzlech Detailer ze klären an eis Partner nach besser kennenzeléieren.
Uschléissend huet d’Partnerfoire stattfonnt, wou d’Participanten d’Méiglechkeet haten, an engem lockere Kader mat Iessen a Gedrénks mat de Partner an d’Gespréich ze kommen. Als besonnesche Service konnten d’Memberen hire CV vun enger Expertin checke loossen an direkt wäertvoll Tipps fir hir professionell Entwécklung mat huelen. Vill hunn och d’Geleeënheet genotzt, fir sech eng nei professionell CV-Foto maachen ze loossen.
Mir soen alle Participanten e grousse Merci fir hir Präsenz an déi dynamesch Atmosphär mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!

Visitt an der Philharmonie
Nom Meeting den 3. Abrëll huet d’Aneil de 4. Abrëll eng Visite an der Philharmonie organiséiert. Do krute mir eng spannend Aféierung hannert d’Kulisse vum Gebai. Den Haaptleiter vun vun der technescher Abteilung huet eis vill interessant Ablécker ginn.
Am Ufank gouf d’architektonesch Konzept erkläert, dat vum franséischen Architekt Christian de Portzamparc entworf gouf. Mat insgesamt 823 Saile soll d’Gebai d’Iddi vun engem „Bësch” representéieren. Dono goufe méi technesch an architektonesch Detailer ugeschwat, wéi d’Belëftung, d’Fënsteren an d’Beliichtung.
Am Laf vun der Visitt sinn d’Themen ëmmer méi an d’Déift gaangen: vun der Akustik iwwer d’Wäermt bis hin zur Statik gouf alles detailléiert erkläert. Mir haten net nëmmen eng privat Visitt vun de Musekssäll, mee och vun de Beräicher hannert der Bün. Besonnesch d’Bünentechnik gouf eis am Detail gewisen an erkläert.
Zousätzlech krute mir och Abléck an d’Nohaltegkeetsstrategie vum Gebai. Den technesche Leiter huet erkläert, wéi geplangt Ännerungen dozou bäidroe sollen, den Energieverbrauch an Zukunft zereduzéieren.
Als Ofschloss hu mir eis Visitt mat engem gemittlechen Zesummesinn an enger Pizzeria ausklénge gelooss.

Visitt Airtech

De 7. Abrëll 2026 haten eis Membere Geleeënheet e Bléck hannert Kulisse vun engem Composite-Hiersteller ze werfen. Mir waren op Besuch bei Airtech Luxembourg.
D’Participanten hunn heibäi een Tour duerch Produktiounshal kritt an hu vill konnten iwwert den usprochsvollen Hierstellungsprozess léieren.
Besonnesch interessant war de groussen 3D Drucker deen si an hirer Hal stoen hunn, mat deem si hir Prozesser optiméieren.
E grousse Merci un Airtech fir den Abléck a jidderee deen dëst Visitt matgemaach huet.
Upcoming Event: Visitt Cattenom
Wei déi lescht Joren hu mir och dëst Joer rëm d’Méiglechkeet eis d’Centrale nucléaire zu Cattenom méi genee unzekucken. Dës Visitt ass op 16 Persounen begrenzt a all Plazen sinn schonn reservéiert.






































