Thursday September 25th, 2025

Recap Summer 2025

Sorry, this entry is only available in Français.

Visitt Dréckerei EDITPRESS 

Den 11. Juli haten eis Memberen d’Geleeënheet, hannert d’Kulisse vun der leschter grousser Dréckerei am Land ze kucken: Editpress zu Esch-Uelzecht. Hei ginn all Woch iwwer 500.000 Zeitungen gedréckt – dorënner Tageblatt, L’Essentiel an nach vill aner Publikatiounen, déi am ganze Land verdeelt ginn. 

Den Owend huet gemittlech an der Pizzeria L’Osteria ugefaangen, wou mer bei engem éischten Gedrénks a Pizzastécker Zäit haten, eis auszetauschen. Duerno ass et weidergaangen an d’Dréckerei selwer, wou eis eng nuets Visitt erwaart huet. 

No enger kuerzer Aféierung hu mir déi imposant KBA-Drockmaschinn am Berliner Format bewonnere kënnen: en technescht Meeschterstéck, dat an Echtzäit d’Zeitungen dréckt. D’Guiden hu präzis erkläert, wéi déi verschidde Schrëtt vum Drockprozess funktionéieren, wéi d’Pabeier-Rouleauen agebaut ginn, wéi Faarf a Layout zesummespillen a wéi d’Zeitungen duerno geschnidden, gewalzt a fir d’Verdeelung preparéiert ginn. 

Besonnesch bemierkenswäert war, dass all dës Produktioun ënner dem eenzege „Printed in Luxembourg“ Label fir Zeitungen am Land stattfënnt: e Qualitéitszeechen, dat wéineg an esou engem Kontext kennen. 

E grousse Merci un Editpress fir déi oppen a spannend Ablécker an un all déi dobäi waren! Et war e flotten Owend, dee gemittlech ugefaangen a mat engem rare Bléck op d’Welt vun der Press op en Héichpunkt gaangen ass. 

Visitt Atomkraaftwierk Cattenom 

Den 1. August 2025 stoung fir eis Memberen eng geféiert Visitt vun der nuklearer Zentral zu Cattenom um Programm, ee vun de gréisste Kärkraaftwierker an Europa, dat e wichtegen Deel vun der franséischer an europäescher Stroumversuergung assuréiert. Obwuel et bal de ganze Moie staark gereent huet, ass et eng spannend, informativ an impressionnant Erfarung ginn. 

De Moien huet mat enger detailléiert Presentatioun ugefaangen. Dës huet eis d’Grondprinzippie vun der Kärkraaftwierksproduktioun erkläert, d’Roll vu Cattenom am Energienetz beliicht an déi ëmfangräich Sécherheetsmoossnamen am Wierk beschriwwen. Och d’Prozeduren am Fall vun engem techneschen Incident goufen am Detail erkläert, wat e kloert Bild vun de komplexe Prozesser an der Organisatioun vun esou enger grousser Industrieanlag ginn huet. 

Duerno ass et, no strengen Zougangskontrollen mat ID-Check an Sécherheetsinstruktiounen, an d’Anlag selwer gaangen. Hei hu mir de Maschinnesall besicht, wou d’Haaptkomponente fir d’Energieproduktioun ze gesi waren, an e Bléck an de Kontrollsall geholl. Dëse Beräich ass am Kader vu geféierte Visitten zwar fir de Public accessibel, bleift awer en aussergewéinlecht Erliefnis, well hei déi ganz Operatioun an Echtzäit iwwerwaacht gëtt. 

Trotz dem onbestännege Wieder war et eng gelongene Visitt, déi net nëmmen technesch Wëssen, mee och e grousse Respekt fir d’Sécherheetsstandarden an d’Komplexitéit vun der Energieproduktioun vermëttelt huet.  E grousse Merci un EDF fir dës Méiglechkeet an un all Member, dee mat dobäi war – och am Reen! 

Schroeder Award 2025

Zanter 2018 zeechent eise laangjärege Partner Schroeder & Associés all Joer exzellent akademesch Aarbechten am Bauwiesen aus mat engem Schroeder Award fir déi bescht Bacheloraarbecht (dotéiert mat 1000 €) an engem Special Prize (och 1000 €) fir héichwäerteg Aarbechten op aneren akademeschen Niveauen. 

D’ANEIL ënnerstëtzt dës Initiativ zënter Ufank un, stellt e Member an der Jury a setzt sech fir d’Wäertschätzung vu qualitativ héichwäertege Studenteleeschtungen an. 

Gewënner 2025: 

  • Gil Weicherding 
    B. Sc. Environmental Engineering – RWTH Aachen 
    “Übersicht und Analyse aktueller Verfahren zur Spurenstoffelimination in abwassertechnischen Anlagen” 
  • Yannick Nenno 
    B. Eng. Mechanical Engineering – University of Luxembourg 
    “Auslegung eines Nahwärmenetzes der fünften Generation für das neue Stadtviertel „Um Wäissereech“ in der Gemeinde Monnerich” 
  • Francois Welter 
    B. Sc. Structural Engineering – RWTH Aachen 
    “Herstellung und Untersuchungen von additiv gefertigten carbon-bewehrten Balken” 

Special Prize: 

  • Alex Junck 
    M. Sc. Bauingenieurwesen – RWTH Aachen 
    “Numerische Modellierung des monotonen und zyklischen Tragverhaltens von aussteifenden Holztafelwänden mit Bekleidung“ 

D’ANEIL gratuléiert ganz häerzlech all de Laureaten a freet sech och d’nächst Joer nees dobäi ze sinn!