De Wëssens-Atelier war de 17. Juli op Besuch beim Service National de la Jeunesse am Mariendall. Hei ware Kanner am Alter vun 8-12 Joer op de Spuere vum Erfinder Daniel Düsentrieb a konnten hiert Maker-Kënnen op d’Prouf stellen. D’Ekipp vum Wëssens-Atelier huet an dësem Kader e kreative Workshop iwwert d’Pneumatik ugebueden an dem déi kleng Tüftler hier eegen Hebebün baue konnten. Dëst huet fir vill Begeeschterung gesuergt a d’Kanner konnten nei Fäegkeeten mat op de Wee huelen. Mir freeën eis schonn op de nächsten Erfindercamp!