De 22. Dezember huet d’ANEIL hier traditionell Assemblée Générale Ordinaire a Extraordinaire am Forum Da Vinci ofgehalen. Nodeems jiddereen agetraff war an sech bësse mat Pizza a Gedrénks konnt stäerken, goung et dann och scho lass. Ugefaangen huet d‘ AG mat der AG Extraordinaire wou puer kleng Ännerungen vun de Statuen ofgestëmmt goufen an dono direkt mat der AG Ordinaire. No engem Joer voller interessanter Aktivitéite war de Réckbléck op den Aktivitéitsbericht deementspriechend laang. Dorun uschléissend gouf de Keesebericht vum Joer 2024 virgestallt.
Uschléissend goung et ëm t d’Kompositioun vum neie Comité. Mir soen all deenen déi de Comité verlooss hunn op dëser Plaz villmools Merci fir hiert laangjäregt Engagement am Comité a wënschen hinnen all Guddes fir hier Zukunft.
Bei der Wal vum neie Comité sinn eis eng Partie al Gesiichter aus dem ale Comité erhale bliwwen, ma et koumen dëst Joer awer och sechs nei Leit an de Comité dobäi. De Comité vun der ANEIL setzt sech dëst Joer wéi follegt zesummen:
- President: Francois Welter
- Vize-Presidentin: Barbara Hougardy
- Sekretärin: Claudia Welter
- Tresorière: Maya Lenertz
- Sponsoring: Tom Philippe
- Informatiker: Alain Jacobs
- Studieninformatiounen: Théo Fonck
- Publikatiounen: Chloé Feypel
- Events: Till Winzen an Sven Krier
- Visitten: Lisa Schweig
- Social Media: Pit Faber
- Comitésmember: Ricco Tornambé
Fir d‘Joer 2025 hu mir eis zum Zil gesat, d’ANEIL nees méi present bei de Student_innen ze maachen, fir méi eng divers Zesummesetzung vun de Memberen ze erreechen an domat d’Sproochrouer vun der ANEIL ze vergréisseren. Eng Rëtsch Ausflich a Visitte stinn dëst Joer och um Programm.
No der AG huet dann och eisen ANEIL’s Quiz stattfonnt!
Dobäi hu mir eis Kandidaten:innen a ganz ënnerschiddleche Kategorien op ganz ënnerschiddlechen Niveaue getest , esou dass fir Jiddereen:t eppes dobäi war. Natierlech gouf et och flott Präisser ze gewannen,wéi zum Beispill Tickete fir an d Phantasieland.
Mir soe jidderengem Merci fir de flotten Ofschloss vum Joer 2024!
Visitt Kläranlag Bleesbréck
Ugefaangen hu mir d Joer 2025 mat enger Visitt vun der Kläranlag Bleesbréck zu Dikrech de 17. Januar.
Um Programm stoung ee spannenden Abléck an déi modern Ofwaasserbehandlung. Dobäi konnten eis Memberen impressionant Fortschrëtter bei der Moderniséierung vun der besteeënder Kläranlag vum SIDEN op der Bleesbréck kréien, esou wei an d Bauphasen an d’Technik vun esou enger Anlag. Een zentraalt Thema wor d’innovativ Léisung vun dësem nohaltege Bauprojet. Mir soe Merci fir di flott Visitt!
Mir freeën eis elo schonns op ee flott Joer 2025 mat villen interessante Visitt, Erfarungen a Gespréicher tëschent Schüler_innen, Student_innen an der Aarbechtswelt. Wann Dir elo virwëtzeg gi sidd, da schreift Iech scho mol follgend Datumer an de Kalenner!
Saves the Dates
- 31.01.2025: Visitt Cattenom
- 18.04.2025: Meeting.
- 27.04-18.05.2025: Ënnerstëtzung vum Wëssens-Atelier