Zeësumme mat IngSci si mir op de CERN bei Genf gefuer, wou mir vun engem Guide duerch dat weltbekannte Fuerschungszenter gefouert gi sinn. Den CERN ass dee gréisste Beschleuniger vun Elementarteilchen op der Welt, wou Wëssenschaftler d’Grondfroen iwwer d’Struktur vun der Matière an d’Funktiounsweise vum Universum erfuerschen. De Guide huet eis vill iwwer d’Aarbecht vun de Fuerscher erkläert, a et gouf een immens interessanten Austausch tëscht de Studenten an dem Guide iwwer d’Thematik vun der Deelchenphysik. D’Besicher haten d’Méiglechkeet, vill Froen ze stellen, wat de Besuch nach méi léierräich a beandrockend gemaach huet. Et war eng onvergiesslech Erfarung, déi eis eng aner Perspektiv op d’Physik a modern Wëssenschaft bruecht huet.

Studentebal
An engem Mount ass nees de Studentebal. Kommt bei eisem Stand laanscht an schmaacht eis lecker Cocktails sou wei och eis alkoholfräi Mocktails!
Wann dir nach keen Ticket hutt kënnt dir iech hei een kafen. Maacht iech bäi, d’Tickets vun der 1. Phase si limitéiert!
Velodrome
Den 3. Juli hu mir d’Chance eis zesummen mat eisem Partner Schroeder&Associés de Projet vum Velodrome méi genee unzekucken. No laangem politeschen Hin an Hier ass dësen eenzegaartegen Projet mëttlerweil am Bau an ob allefall dowäert ze gesinn, dofier mellt iech elo ënnert dësem Link un.
Sebes
De 17. Juli gi mir eis zesummen de Site vun der SEBES zu Eschduerf ukucken. Dëse Sitekann aktuell ronn 38000m3 Waasser pro Dag opbereeden a spillt domat eng essenziell Roll am Lëtzebuerger Drénkwaasserreseau. Ënnert dësem Link kennt dir iech umellen.
Rees op London
Wei dir schonn am leschten Newsletter matkritt hutt geet eis Rees dëst Joer op London. Et sinn nach e puer Platze frei dofir mellt iech nach schnell un!































