Wou fannen eis Wëssens-Atelier Kueren iwwerhaapt statt?
Mëttlerweil hun mir eisen eegenen Atelier am „Maushaus“ um Verluerekascht an am Laf vun dësem Schouljoer kënnt och endlech eisen laang erwaartenen Camion matt deem mir kënnen bei d’Schoulen fueren. Mee iwwerhaapt réischt entstoen konnt den Wëssens-Atelier nëmmen an Zesummenaarbecht matt e puer Lycéeën uechter d’Land an e puer motivéierten Enseignanten, déi Kueren matt Schoulklassen oder Maison Relaisen entweder zesummen matt eis oder och aleng gehalen hun, an nach ëmmer halen. Een Spezialfall as dobäi d’Ekipp vun der Primärschoul Am Sand zu Nidderanven, déi schon zënter Joren eegestänneg Wëssens-Atelier Kueren matt all hieren Schüler duerchféieren. Mir giffen eis wënschen, dass dat an Zukunft op villen aneren Plaazen méiglech wäert ginn.
Den 2. Oktober huet eis Wëssens-Atelier Ekipp vun den Ingénieurs et Scientifiques (INGSCI) sech matt dësen Enseignanten getraff fir eng Info- an Feedbackronn am Maushaus matt uschléissendem „Socializing“ (= „ee Maufel iesse goën“).
Nach emol een décken Merci un si all, och un déi zwee déi leider net konnten kommen. An och e groussen Merci fir hier Ennerstetzung un d’Direktiounen vum Lycée Technique des Arts et Métiers (LTAM) (Luxembourg), dem Lycée Bel-Val (LBV) (Esch-sur-Alzette), dem Lënster Lycée (LLJ) (Junglinster), dem Lycée Edward Steichen (LESC) (Clervaux) an der Schoul Am Sand zu Nidderanven. Mir hoffen dass mer dësen flotten Projet nach laang kënnen zesummen weiderféieren.

1. Rei (v.l.n.r.): Claude Gilbertz (Am Sand), Mélanie Schweich (Am Sand), Maurice Hoogenhout (INGSCI), Anne Marmann (INGSCI)
2. Rei (v.l.n.r.): Marc Schmit (Am Sand), Mike Zawidzki (LTAM), Mike Martin (LTAM), Lilli Gales (INGSCI), Christian Zeyen (INGSCI)
Net op der Foto: Jerry Jacobs (LESC), Romain Blum (LBV) an René Ries (LLJ)








