Gläich ass d‘Summervakanz an domat ginn d‘Schoulen zou. Ab elo ass Erhuelung ugesot.
Wann ee lo nach eppes léiere well, da just nach dat wat engem Freed mécht.
De Wëssens-Atelier geet an de Summerméint awer net an d‘Vakanz, mee mir si weiderhi fir Iech do.

Mir verstoppen eis virun der Summerhëtzt an eisem klengen Atelier, dem Maushaus, um 1, rue Auguste Lumiére zu Bonnevoie-Verlorenkost.
Hei bidde mir bis zu 2 Mol an der Woch verschidde Kueren un, wou d’Elteren hier Kanner privat kënnen aschreiwen.
Vun eise Klassiker wéi dem „einfache Stroumkrees“, wou mir e Ventilator bauen – passend fir de waarme Summer – bis hin zu puer neie Wierkstécker, déi mir och an de Schoulen nach net gemaach hunn, wéi Dréifiguren oder engem Kran.
Weider Infoen, wéi och eng Lëscht u Kuere fannt Dir op www.wessens-atelier.lu































