Den 16. a 17. Dezember 2024 stoung am Forum Geesseknäppchen fir d’Schüler aus dem Cycle 3 a 4 vum Fondamental alles am Zeeche vun der Kreativitéit an dem Experimentéieren. Beim Makerfest vum Service national de la jeunesse (SNJ) goufen de Kanner op eng spilleresch an interaktiv Aart déi nei Technologien méi no bruecht – ënnert dem Motto „Maachen. Ausprobéieren. Entdecken.“
D’Fest war e liewege Mix vu verschiddene kreativen an edukative Stänn, déi all eppes Besonnesches ugebueden hunn. De Wëssens-Atelier war och mat engem Stand vertrueden, wou d’Kanner hir eege liichtend Chrëschtbullen dekoréiere an bauen konnten – eng einfach, awer faszinéierend Aktivitéit, déi fir stralend Gesiichter gesuergt huet.
Och aner Stänn hunn d’Begeeschterung vun de Kanner erwächt: Beim Sticker-Stand hunn d’Jonker mat vill Fantasie hir eege Sticker designt an ausgeschnidden. E weideren Héichpunkt war de Stand iwwert de binäre Code. Hei konnten d’Schüler op eng spannend Aart d’Welt vun der Informatik entdecke mat engem Bracelet, deen eng geheim Noriicht a Form vu binären Zuelen enthalen huet. Verschidden Atelieren hunn och an de Lokaler vun der Base1 stattfonnt, dem SNJ sengem permanente Makerspace am Forum Geesseknäppchen.
D’Makerfest huet nees emol gewisen, wéi vill Kreativitéit, Talent an Virwëlz an eise Jonke stécht. Mat vill Freed an Äifer hunn si experimentéiert, geschafft a geléiert.