Den 13., 15. a 16. Dezember war de Wëssens-Atelier um Makerfest 2025 um Geesseknäppche vertrueden. D’Evenement gëtt vun der Base-1 Ekipp vum Service National de la Jeunesse (SNJ) organiséiert, déi och de permanente Makerspace am Forum Geesseknäppche betreit.
Eise dësjärege Stand „Creative Soldering“ huet de Visiteuren d’Méiglechkeet ginn, mam Léitkollef an Drot ze schaffen an esou kleng, méi oder manner chrëschtdaglech, Drotskulpturen ze formen. D’Aktivitéit war sou ugeluecht, datt och Ufänger ouni Virauskenntnis direkt matmaache konnten. D’Zil war et, d’Angscht virum Léiden ze huelen an eng spilleresch an zougänglech Erfarung ze bidden, déi Béid kombinéiert: eng technesch Fäegkeet léieren an d’Freed um Schaffen direkt erliewen.
Mir soen der Base-1 Ekipp Merci fir d’Invitatioun an d’Organisatioun vum Makerfest a freeën eis, bei weideren Editiounen och an Zukunft flott Aktivitéite kënnen unzebidden.







































