Vum 29. Abrëll bis den 5. Mee war et esou wäit: D’ANEIL huet sech op eng aussergewéinlech Rees an d’Häerz vun Japan gemaach. Eng Gruppe vu 26 jonken Ingenieur:innen huet sech op den Entdeckungstour duerch d’Metropolen Tokyo an Osaka gemaach – eng Woch voller kulturellen Highlights, technologeschen Impulser a staarkem Gruppengefill.
D’Rees huet zu Tokyo ugefaangen, wou déi éischt Deeg der Entdeckung vun der japanescher Haaptstad gewidmet waren. Am Meiji-Schrein, engem wichtege shintoistesche Kultort, hunn mir e rouege Moment tëscht risegen Torii-Paarten erlieft. Direkt duerno hu mir d’Géigend vun Shibuya entdeckt, mat hirer legendärer Kräizung, wou Dausende vu Leit sech gläichzäiteg iwwert d’Strooss beweegen. Op der Observatiounsplattform vum Shibuya Sky hu mir eis éischt Vue iwwer déi gréisst Metropol vun der Welt genoss – ee Bild dat nach laang an Erënnerung bleiwe wäert. Den Owend huet eis an déi nostalgesch Baren vun Shinjuku Golden Gai gefouert, wou mir d’Stëmmung vun engem Tokyo voller Geschichten agefaangen hunn.
Déi nächst Deeg hu mir den eelste Tempel vu Tokyo besicht, de Sensō-ji, mat senger emblematescher Nakamise-Shoppingstrooss, an en entspanende Spadséiergang duerch de Ueno Park gemaach. An enger traditioneller Téizeremonie hu mir geléiert, wéi een Matcha op déi klassesch Aart zoubereet, a mir hunn eis un de ganz spezielle Goûten vun japanesche Séissegkeeten probéiert. E Besuch am Akihabara-Distrikt huet eis an déi elektronesch a popkulturell Welt vu Japan entféiert, ier mir owes mat Karaoke am Grupp fir déi richteg Tounhéichpunkter gesuergt hunn.
E weideren Héichpunkt war de Besuch am Kikkoman-Museum, wou mir d’Fabrikatioun vu Sojaszooss vun noem konnten erliewen – och wann et bei enger Grupp e mysteriéise Houschtanfall gouf. Dono huet eis d’digital Konschtwelt vum teamLab Borderless faszinéiert: ee Musée, dee Liicht, Klang a Beweegung op eng quasi hypnotesch Aart kombinéiert. Beim Sonnenënnergang hu mir d’Vue vum Tokyo Tower genoss an den Dag mat engem Fräiwëllege-Pubcrawl ofgeschloss.
Den 2. Mee hu mir Tokyo hanner eis gelooss a si mam Shinkansen, engem vun de séierste Zich op der Welt, Richtung Osaka gereest. Déi nei Stad huet eis mat enger klassescher Bootstour um Dōtombori-Kanal begréisst. Tëscht Neonreklammen, Streetfood, laachen a Shopping gouf séier kloer: och dës Etapp géif onvergiesslech ginn.
Den 3. Mee war et endlech esou wäit: Mir hunn déi laang erwaart World Expo 2025 besicht. Jidderee konnt seng individuell Route duerch déi international Pavillonen wielen. Besicht goufen ënner anerem d’Haiser vu Saudi-Arabien, Thailand, Australien, Korea, Däitschland an natierlech Lëtzebuerg, wou mir häerzlechst empfaange goufen. Ob digital Innovatiounen, kulturell Erfarungen oder kulinaresch Iwwerraschungen – d’Expo huet mat senger Gréisst an Diversitéit beandrockt. Den Dag gouf ofgeschloss mat engem klasseschen däitsche Snack am däitsche Pavillon, bei engem Paulaner a Currywurscht – e witzegen kulturellen Twist.
De Weekend stoung am Zeeche vu lokaler Entdeckung. Mir hunn d’Osaka Castle mat senger historescher Architektur bestiegen, de Shiteno-ji Tempel bewonnert an eis an enger geféierter Tour duerch Shinsekai en Abléck an déi sozial Realitéite vun der Stad ginn. Den Owend huet eis bis op d’Aussiichtsplattform vum Harukas 300 gefouert, wou mir iwwer déi lieweg Stad Osaka gekuckt hunn.
Sonndenowend ass d’Grupp nach eemol zesumme komm – mat Snacks aus dem Seven Eleven an engem leschte Laachen. E gelongene Schluss fir eng Rees voller Erfarungen, Anekdoten a mat engem Rucksak voller neier Andréck.
Villmools Merci un d’Organisatiounsekipp, déi mat vill Engagement a Professionalitéit dës Rees méiglech gemaach huet. ANEIL Japan 2025 war méi wéi eng Excursioun – et war eng Erënnerung fir d’Liewen.











De Studentebal 2025
De 4. Juli dëst Joer kennt d’ ANEIL mat der ALEM an der ANESEC um Studentebal um Bouillon rëm zesumme fir Iech déi beschten 3 Cocktaile (“O+”, “WD40” an den “Investmentdrink“) op eisem Comptoir unzebidden. Loosst Iech des net entgoen! Tickete kritt dir ënnert dësem Link.
Nodeems dir d’Suen iwwerwisen hutt a se bei eis ukomme schécken mir Iech schnellst méiglecht eng Bestätegung (Virverkaf: 10€ Oweskeess: 14€).
Mir freeën eis Iech ze gesinn!
Visitt Dréckerei EDITPRESS
Wéi entsteet eng Zeitung? Wéi gesäit et wierklech aus an enger Dréckerei, wou all Nuecht Honnerte Dausende Säiten duerch riseg Maschinne lafen, fir datt moies d’Aktualitéit bei Iech an der Bréifkëscht läit?
Dëser Fro gitt Dir den 11. Juli op de Grond. D’ANEIL invitéiert op eng eenzegaarteg Visitt bei Editpress zu Esch-Uelzecht – déi lescht grouss Zeitungsdrockerei am Land. Hei gesitt Dir net nëmmen wéi d’Tageblatt, L’Essentiel oder Kulturissimo entstinn, mee kritt och exklusiven Zougang zum techneschen Häerzstéck vun der Produktioun: der KBA-Rollendrockmaschinn, déi iwwer 60 Meter laang ass an all Woch iwwer 500.000 Zeitungen am Berliner Format produzéiert. Editpress ass déi eenzeg Drockerei hei am Land, déi den Label „Printed in Luxembourg“ dréit.
Fir dësen aussergewéinlechen Owend loosse mir et roueg ulafen: Um 20 Auer treffen mir eis an der Pizzeria L’Osteria zu Esch-Uelzecht, wou den éischten Drink vun der ANEIL iwwerholl gëtt. No engem gemittleche Start begéine mir eis um 21:45 virun der Editpress, wou d’Visitt um 22:00 offiziell ufänkt. Do kritt Dir e rare Bléck op modern Technik, logistesche Flow an Echtzäit-Drock – genau do, wou d’Zeitung zum Liewe erwächt.
D’Plaze fir dësen Owend si limitéiert op 20 Persounen. Wanns du also interesséiert bass, dann mell dech elo direkt un iwwert dëse Link: https://forms.cloud.microsoft/e/bfFctnNk1V .
Mir freeën eis op eng informativ, technesch spannend an ongewéinlech Visitt, déi Iech déi mediale Kulissen op eng nei Aart a Weis opmécht.
Visitt Atomkraftwierk Cattenom
D’ANEIL organiséiert eng eenzegaarteg Visitt vun engem vun de gréisste Kärkraaftwierker an Europa: d’nuklear Zentral zu Cattenom. Dëse Site läit direkt hannert der lëtzebuergescher Grenz an ass zanter Joerzéngten en zentraalt Element an der Energieversuergung vun der Regioun. Fir jiddereen, deen un Energieproduktioun, Nukleartechnik oder industrielle Prozesser interesséiert ass, bitt dës Visitt en aussergewéinlechen an net ëffentlechen Abléck hannert d’Kulissen vun enger héich technescher an héich gesécherten Anlag.
Mir treffen eis Freides, den 1. August 2025, um 08:45 beim EDF Besuchszenter Odyssélec zu Cattenom. De Programm fänkt um 09:00 mat enger strukturéierter Presentatioun un, an där d’Funktiounsprinzipien, d’Sécherheetsmesuren an d’Roll vum Wierk am europäeschen Energienetz erkläert ginn. Hei hutt Dir och d’Méiglechkeet Froen ze stellen an den Hannergrond vun engem komplexe Produktiounssystem besser ze verstoen.
Vun 10:15 bis 12:00 féiert eis d’Equipe vun EDF op eng guidéiert Tour duerch d’Installatiounen – mam Highlight: der Visitt vum Maschinnesall a vum Kontrollsall. Dëst sinn sensibel Beräicher, déi normalerweis net fir d’Ëffentlechkeet zougänglech sinn, an déi en direkten Abléck an déi praktesch Ëmsetzung vun nuklearer Energieerzeugung ginn. Eng Chance, déi een nëmmen eng Kéier am Liewen kritt.
Duerch déi héich Sécherheetsreegele si d’Plazen op 16 Participanten limitéiert. Fir den Zougang zum Site muss bis spéitstens den 30. Juni 2025 eng Kopie vun enger gülteger Carte d’identité (recto/verso als PDF) ofginn ginn. Dës muss och physesch den Dag selwer matbruecht ginn. No der Umeldung kritt Dir all noutwenneg Dokumenter, dorënner e Plang, d’Reglement vum Site an en Informatiounsfichier, deen ausgefëllt zeréckgeschéckt muss ginn. Mir biede jiddereen, dës Ufuerderungen eescht ze huelen, well se fir d’Sécherheet a fir d’Autorisatioun vum Zougang obligatoresch sinn.
Wanns du bereet bass, hannert d’Kulisse vun der Energiepolitik ze kucken an e realisteschen Abléck an d’Kraaft vun der Technologie ze kréien, dann mell dech nach haut un. D’Umeldung ass bis de 30. Juni op dësem Link op: https://forms.cloud.microsoft/e/73MgtFHiif .
Mir freeën eis op dës technesch spannend a wichteg Visitt mat Iech.